Wien bass du?

Ech sinn Tania Kass, hunn 18 Joer an sinn mëttlerweil op enger Première C am Lycée Classique de Diekirch. Waat ech immens gär maachen ass Squash an Dëschtennis spillen, mech mat mengen Kolle gen treffen, mat hinnen eppes ënnerhuelen an nach ganz vill aaner Saachen. Awer och waat Bénévolat betrëfft sinn ech ganz gären aktiv, an dat virun allem bei der “Croix-Rouge”.

Firwat hues du dech als Bénévolat engagéiert?

Ech sinn säit Januar 2012 bei der “Croix-Rouge luxembourgeoise de la Jeunesse” als Bénévole engagéiert, well ech einfach een Deel vun mengem Gléck an vu menger Freed um Liewen mat aaneren deelen wollt/wëll an dat mer einfach immens vill Spaass mëscht. Ech sinn duerch eng Frendin op d’ ”Croix-Rouge” komm, waat do eng Formatioun fir Animatrice ufänken wollt an mech dunn gefroot huet, ob ech matmaachen wéilt. Ech war direkt begeeschtert dovunner an hunn mech schlussendlech dann och do ugemellt. “Croix-Rouge luxembourgeoise de la jeunesse” ass en Deel vun der “Croix-Rouge”, deen virun allem duerch Spenden finanzéiert gëtt an och duerch d’Engagement vun den Bénévolen Bestand  huet an sie erméiglecht et sou,

Kanner, déi an sozial schwaachen Verhältnisser liewen an  d’Vakanz ze goen. Daat war een vun deenen wichtegsten  Grënn firwat ech mech entscheed hunn, mech bei der  “Croix-Rouge” ze engagéieren. En plus léiert een vill Jugendlecher kënnen, déi di selwecht Interessen hunnn wéi een selwer an sou entstinn och vill nei Frëndschaften. Och hunn ech mech fir den Bénévolat, a mengem spezifeschen Fall fir d’Formatioun  als Monitrice entscheed, fir  ze kucken ob mer d’Aarbecht mat Kanner Spaass mëscht vue dat ech spéiderhin als Primärschoulsjoffer schaffen wëll.

Waat bréngt dir den Bénévolat? 

Virun allem bréngt den Bénévolat engem immens vill Spaass. Wann een als Monitrice an Vakanzekolonien matgeet, kritt een souvill Léift vun de Kanner an et ass einfach genial, wann Kanner laachen an der um Schluss vun der Kolonie an den Ärem leien an der merci soen fir déi schéin Vakanz. Et deet einfach gutt ze wëssen, dat een seng Freizeit hirgëtt fir Kanner e puer flotter Deeg ze erméiglechen. Och wann et heiansdo ustrengend ass, vue dat een wierklech 24 Stonnen op 24 fir Kanner do sinn muss, léiert

een sou vill iwwert sech selwer , et léiert een seng Grenzen kënnen, an mat der Zäit mierkt een och, dat een sech weiderentwéckelt an ëmmer méi Grenzen iwwerschreiden kann. Mee all déi bëssen méiustrengend Momenter vergësst een rëm direkt, wann een Kanner laachen an sech amüseieren gesäit. Och gëtt een vill méi oppen duerch all déi Erfahrungen an et huet een vill manner Virurteeler géigeniwwer aneren Leit. Et gëtt engem einfach en gutt Gefill Kanner hellëfen ze kënnen an hinnen flott Momenter ze schenken. Sou huet den Bénévolat mech och an menger Entscheedung fir mäin speideren Beruf bestärkt.

Waat mëss de am Verain?

Ech sinn virun allem als Monitrice an Vakanzenkolonien täteg, déi iwwert daat ganzt Joer verdeelt, souwuel hei am Land, wéi och am Ausland, stattfannen. Awer och hellëfen ech bei verschiddenen Aktiounen, déi d’ ”Croix-Rouge” organiséiert, wéi zum Bsp. dem 6-Stonne Velo, wou d’ “Croix-Rouge” dëst Joer den Catering gemaach huet oder och den ING Marathon, wou d’ “Croix-Rouge” en Raviatillement haat. Och bidd  d’ “Croix-Rouge” bei verschiddenen Veranstaltungen eng  Kannerbetreiung un, wou mir als Moniteuren/-ricen dann Betreiung vun den Kanner iwwerhuelen.

Croix-Rouge luxembourgeoise de la jeunesse

Een Service vun der Croix-Rouge luxembourgeoise organiseiert Vakanzekolonien fir Kanner an Jugendlecher tëschent 4 an 17 Joer, déi vun fräiwëllegen Moniteuren encadréiert ginn. D’ “Croix-Rouge” bidd dofir och selwer d’Formatioun vir Moniteur un. Dës Formatioun ass wirklech eng Erfahrung wäert an erméiglecht engem als Moniteur an Kolonien matzegoen. Nierwt dem ”Service vacances”, huet d’ “Croix-Rouge” och nach weider Servicer, déi sech ëm d’Belaanger vun Kanner an Jugendlecher këmmeren, zum Bsp. Jugendhaiser, wou d’Jugendlecher hir Fräizäit verbréngen kënnen, Crèchen an Maison Relais’en bidden «Betreit wunnen» un,  Heemer, «Families First» an nach vill méi.

Wéi kann een Moniteur/-rice ginn?

D’ “Croix-Rouge” bidd dës Formatioun fir den Aide-Animateur an Animateur un an et kann een schonn mat 15 Joer domat ufänken. Se besteet aus 3 Formatiounsweekender, enger Formatiounswoch an gëtt mat enger Kolonie oofgeschloss. Fir kënnen als Moniteur/-rice an eng Kolonie matzegoen, muss een awer seng 16 Joer hunn. Waat och immens flott bei der “Croix-Rouge” ass, dat Kolonien net nëmmen hei am Land, mee och an der Schweiz, an Holland, op der belscher Plage an an Südfrankreich sinn.

Also wanns och du interesséiert un dëser Formatioun  bass, dann kuck einfach engkéier hei laanscht: http://www.croix-rouge.lu/de/formationanimateur/.