D’Foire de l’Etudiant 2013, déi de 14. a 15. November an der Luxexpo um Kierchbierg war, stoung läscht Joer ënnert dem Motto vum Architekt, dem Ingenieur an der Constructioun.

Méi wéi 200 Exposanten hunn sech di zwee Deeg présentéiert, fir schlussendlech enger knapp 12.000 Visiteuren Informatiounen zu Studien an Carrièren nom Lycée ze ginn. Ee Rekord!

Des Exposanten waren zum Deel Vertrieder vu Regierungen oder Departementer an Ambassaden, mee et waren och Cerclen, ëffentlech Organisatiounen a privat Firme präsent. Mee firun allem, waren et Universitéiten, Héichschoulen a soss Formatiounsinstituten, déi probéiert hunn, op all Demande vun de Visiteuren anzegoen.

D’Foire, déi eng vun den Haaptfoiren aus der Groussrégioun a suguer Europa ass, huet wéi all aaner Projet bescheiden ugefaang, an dat di éischt Kéier 1987mat 50 Visiteuren. Des Zuel ass quasi kontinuéierlech gewuess iwwert di läscht 27 Joer bis 9.000 Visiteuren 2012, an eben den neie Rekord vun 12.000 Visiteuren dest Joer.

Verschidde Stänn ware méi limitéiert mat hirer Präsenz, aaner ware méi kreativ, an nach aaner, haaten aus hirem Stand eng reegelrecht Attraktioun gemeet.

D’Foire huet awer leider och a verschiddene Kreesser eng manner gutt Réputatioun, wou vill Leit firun allem den “Tourist” op der Foire gesinn, de Jonken, dee just fir Gadgeten an eng Taass Kaffi kënnt, an genau sou oninforméiert nees rauskënnt, wéi e ragaang ass.

A genau domadder wollten de CEDIES an de CIJ sech net zefridde ginn, an et gouff no der Editioun 2012 décidéiert zesummen ze schaffen. D’Ziel war einfach: firdrun informéieren, an ënnerhalb vun der Foire begleeden.

Dat éischt Ziel gouff an Ugrëff geholl duerch den neie Site foiredeletudiant.lu, dee generell Informatiounen vun der Foire gesammelt huet, an awer firun allem duerch den Ënnersite meng.foiredeletudiant.lu. Dësen dynamesche Site gouff vum CIJ gefëllt, an huet et de Visiteuren erméiglecht sech firun der Foire z’informéieren, an sech déi Stänn rauszesichen, déi een am meeschten interesséieren, fir duerno ee personnaliséierte Plang ausdrécken ze kënnen.

An der Entrée vun der Foire huet den CIJ nach eng Dosen Computeren mat Printer à disposition gestallt fir déi  visiteuren, déi nach net derzou komm waren fir sech hire Plang auszedrécken, an sou konnten nach iwwer 600 Pläng op der Plaatz ausgedréckt ginn!

An den zwou Haale selwer, hunn véier Memberen vun der Equipe vum PIJ vun Esch, déi neierdéngs och Member vun der Equipe vum CIJ sinn a firun allem d’Zeitung vum CIJ ennerstetzen, sech positionnéiert mat grousse Ballon’en, déi ee vu wäitem gesinn konnt, an déi deenen hëllefe konnten, déi sech net rëmfonnt hunn!

Am grousse Ganzen hunn d’Exposanten fonnt, dat méi interesséiert jonk Leit hinne pertinent Froe gestallt hunn, an et ass ze hoffen dat dësen neie Projet di nächst Joere weider entwéckelt gi kann, fir dat souvill wéi méiglech Leit sech gutt fir hir Zukunft informéieren!

bisi (CIJ)