Portrait de professionnel : Sandra Britz

A chaque édition, nous vous présentons le portrait de  professionnel de terrain et leur regard sur le métier et ..jeunesse.

Franck : – Bonjour Sandra, quel est ton métier ?

Sandra : Ech schaffen am Jugendberäich a si Projetsresponsabel, dat heescht ech entwéckelen an organiséieren Projeten mat Jonker fir Jonker an heiansdo och doriwwer eraus.

Franck : – Quelle est ta formation ?

Sandra: Vu Formatioun sinn ech Diplom-Pädagogin.

Franck : – Où travailles-tu ?

Sandra : Ech schaffe säit 2006 bei der Lëtzebuerger Jugendkonferenz (Conférence Générale de la Jeunesse du Luxembourg, CGJL)

Franck : – La CGJL, c’est quoi ?

Sandra : D’CGJL ass den Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen. D’CGJL vertrëtt 29 Organisatiounen aus den ënnerschiddlechste Beräicher a gëtt hinnen esou eng gemeinsam a méi staark Stëmm, dëst souwuel op nationalem, wéi och internationalem Niveau. An dësem Sënn ass d’CGJL ze gesinn als Plattform fir den Austausch an d’Diskussioun vu de Memberen an och ee vun den Haaptuspriechpartner vu Ministèren an anere Strukture  wéi och déi di dat net sinn, zewann et ëm jugendspezifësch Froe geet. Nieft der méi politescher Aarbecht mat de Membersorganisatiounen huet d’CGJL awer och nach d’Missioun fir jonke Leit de gesellschaftlechen Engagement méi no ze bréngen an hinnen d’Méiglechkeet ze ginn verschidden Erfahrungen ze maan, Saachen ze léieren an hier eege Meenung auszedrécken. Fir dëst z’erreechen organiséiert d’CGJL ënnerschiddlech Projeten (wéi z.B. de Jugendkonvent oder de City Rallye) déi Jonken d’Méiglechkeet ginn sech anzemëschen oder sech mat aktuelle gesellschaftlechen Themen auserneen ze setzen.

Franck : – Pourquoi cette organisation est importante ?

Sandra : D’CGJL ass eng wichteg Struktur, well si d’Stëmm vun der Jugend, souwuel vun deene Jonken déi an Organisatiounen engagéiert sinn, summe bréngt an hier Gehéier verschaaft. Dëst areeche mir op ënnerschiddlech Aart a Weis an op verschidden Niveauen. Engersäits schaffe mir enk mat eise Memberen zesumme fir hier Meenung zu wichtege politeschen Themen zesummen ze bréngen an un di politesch Vertrieder hei am Land weider ze leeden, anerersäits befroë mir di Jonk regelméisseg zu aktuellen Themen a ginn dës Meenungen a Form vun engem Rapport un d’Europäesch Kommissioun weider.

Franck : – Quel est ta principale mission ?

Sandra : Meng Haaptaufgabeleien u sech engersäits an der Coordinatioun vun eiser alldeeglecher Aarbecht, d.h. den Iwwerbléck an e roude Fuedem an all deem ze behalen. Anerersäits schaffen ech ganz vill an der Entwécklung an Organisatioun vu Projeten. Et geet dobäi haaptsächlech dorëms eppes op d’Been zestelle wat fir Jonker sënnvoll a léierräich ass, mee gläichzäiteg och ze kucke wat si selwer och wierklech interesséiert, beréiert a wat si sech och wierklech wënschen. Mir gräifen duerfir och ëmmer erëm Fuerderungen an Iddien op vu Jonken, déi un eise Projeten deelgeholl hunn.

Franck : – Travailles-tu beaucoup en réseau ? Avec quel  type d’organisation ?

Sandra : Ech schaffen haaptsächlech am Reseau. A mengen Aen ass dat immens wichteg. Et meescht net wierklech Sënn dat jidder Struktur an hirem Eck di eegen Zëppche kacht. Mir kënnen méi erreechen, wa mir eis zesummen dinn an eis d’Wëssen, eis Kräften an eis Iddie bündelen. Dat ass jo och schonns ee vun de Grondprinzipie vun eisem funktionnement an dat léisst sech a mengen Aen och op d’Aarbecht am Jugendberäich iwwerdroen. U sech ass der Zesummenaarbecht mat anere Strukturen a mengen Aen keng Grenze gesat, sief et well si thematesch an engem Beräich eng Expertise hunn, well e bestëmmte Reseau oder de Savoir-faire hunn fir eng bestëmmte Method, e bestëmmte Projet oder eng bestëmmten Zilgrupp. Dëst kéint een denken ech onendlech weiderspannen. U sech ass alles méiglech an hänkt jo och dovunner of u wat mir grad schaffen a wat fir eng Iddien entstinn.

Franck : – Est-ce que tu trouves la Jeunesse Luxembourgeoise active et engagée ?

Sandra : Op jidde Fall !! Et brauch ee just ze kucke wéi vill Jonker am Jugendparlament engagéiert sinn, wéi vill aktiv Jugendorganisatiounen et ginn, an och wéi vill Jonker selwer Projeten op d’Been stellen oder sech a Veräiner engagéieren. Doriwwer eraus notze vill Jonker och nach méi alternativ a kënschtleresch Forme fir sech z’engagéieren oder hier Meenung auszedrécken. Oft gëtt iwwersinn, dat Engagement net onbedéngt an engem traditionelle Kader muss stattfanne mee och doriwwer eraus méiglech as.

Franck : – Qu’est ce qui te plait le plus dans ton travail ?

Sandra : Am Beschten u menger Aarbecht gefält mir di thematesch Ofwiesslung a virun allem och di kreativ Fräiheet, déi ech a verschidde Projete kann ausliewen, besonnesch wann et drëm geet fir léierräich, awer flott Spiller z’entwéckelen. Doriwwer eraus ass et ëmmer erëm eng flott Erfahrung Projete mat Jonken zesummen auszeschaffen an ze gesi wéi vill flott Iddien a Virschléi do mat afléissen.

Franck : – Est-ce qu’on ne demande pas trop aux jeunes finalement ?

Sandra : Ech stellen eng Géigefro : Sollt net all Jonken d’Méiglechkeet kréie säi Potenzial ze notzen an déi Gesellschaft an där e lieft matzegstalten ? An deem Sënn verlaange mir net ze vill vun de Jonken, mir fuerderen se just eraus hiert Potenzial ze notzen.

Villmolls merci Sandra !

Franck (CIJ)