Eng Renconter mam Jugendparlament

 

D’ Jugendparlament hat den Samschdeg, den 19. Oktober hir éischt Versammlung vum  Schouljoer, am “Cité Cercle”, wou 122 Jonker zesummen fonnt hunn fir eng nei Legislatioun an en President ze wielen. D’Representanten vum Bureau, dorënner als gewielten President, den Patrick Weymerskirch (19), hunn eis duerno eng Rei Froen iwwert hiert Funktionnement beäntwert.

D’Plattform déi 2008 vun Politiker gegrënnt gouf, huet sech zu enger Organisatioun vun Jonker fir Jonker entwéckelt. Deel vum Parlament sinn Jugendlecher, wéi vum President präziséiert “Jonker ënnert 20, déi meescht am Alter vun 17-18”. Wéi de Bureau erklärt, soll et en éischten onparteieschen Schrëtt an «d’kaalt Waasser vun der Politik» sinn.

D’Representanten soen, dass se oppen sinn fir nei Leit an nei Iddien.

D’Jonker ginn no hiren Interessen an Aarbechtsgruppen agedeelt. Dës Komissiounen diskutéieren Themen an presentéieren se duerno virum Bureau. «D’leaders» versichen dann déi Iddien un eist Gouvernement weider ze ginn. Déi Jonk léieren dobäi Argumenter ze formuléieren an weider ze leeden. Organiséiert gëtt dat Ganzt vun der «Jugendkonferenz» an finanzéiert vun der «EU Youth in Action».

Hir Aart a Weis fir virzegoen léist sech mat engem Beispill gutt erklären. Wou d’”réforme scolaire” lancéiert gouf, huet sech d’JP mat  aneren Organisatiounen zesummen gesaat fir hir Meenung weider un den Ministère de l’Education ze ginn. Sou hunn se erreecht, dass d’Duerchsetzung vun dësen Changementer erausgezögert ginn ass.

D’Jugendparlament hofft, dass spéider op engem nationalen, Niveau méi Wäert op hir Stëmmen geluecht gëtt. Dëst Ziel schéngt allerdéngs nach net erreecht ze sinn, mee ass awer eng Iddi, déi ëmmer méi Succès bei de Jonken am Land huet.

Cassie & Caroline