Bréngt är Kreativitéit zum Ausdrock!

Mat der Rubrik YouthSLAM! wëlle mir iech d’Méiglechkeet ginn, ärer Kreativitéit fräie Laf ze loossen. All Ausdrocksform, déi an enger Zeitung duerstellbar ass, ass erlaabt. Sief dat e Gedicht, eng Kuerzgeschicht, e Bild, e Comic, asw.

D’Iddi zum YouthSLAM! ass duerch den amerikanesche “Poetry Slam” opkomm. Dorënner versteet ee gemengerhand eng Aart Wettbewerb bei dem ursprénglech Schrëftsteller, mëttlerweil och aner Kënschtler, an enger bestëmmter Zäit eppes selwer Geschriwwenes op performant Aart a Weis virdroen. Dono gëtt dann en Gewënner bestëmmt. Dëst Konzept gëtt et säit den 80er Joren an huet sech och hei etabléiert.

Ënnerschiddlech Disziplinnen hunn sech dëst Konzept zu eege gemaach, sou datt et mëttlerweil ënnert anerem och e Science Slam gëtt. Den Zäit- an den Gewënner-Aspekt falen hei ewech, well mir net är Kreativitéit beuerteele wëllen, mee hir just eng Plattform – eng Aart Bühn – bidde wëllen, wou se zum Ausdrock komme kann.

Martine