Eng Wunneng a Lëtzebuerg ze fannen ass (bal) onméiglech… !

Ech hu missen no vill Sträit vun Doheem fort goen. Den éischte Reflex, deen ech hat, war mech u meng Kollegen ze wennen. Sou hunn ech Méint domat verbruecht, wéi en Nomad vu Canapé op Canapé ze wanderen. Am Ufank war et nach witzeg a flott mat Frënn Zäit ze verbréngen, mee no puer Wochen wollt ech einfach en eegent Doheem hunn, wou ech kee stéieren a meng komplett Fräiheet hunn. Während deem hunn ech mech mat der Ënnerstëtzung vum SPOS dei de verschiddene lëtzebuergeschen Hëllefsorganisatiounen gemeldt. Ech krut gesot ee wichtege Punkt wier sech Zieler ze sëtzen: Meng Perspektiv war, datt ech meng Première fäerdeg maachen an herno an d’Ausland studéiere ginn. Et muss een eng «Lettre de motivation» schreiwen a sech mat de verschiddenen Kontaktpersounen treffen fir ze beweisen, datt een capabel ass seng Zieler ze erreechen. Obwuel ech all Demarche gemaach hunn, krut ech awer net direkt gehollef: De gréisste Problem, den mär oft entgéint komm ass: Waardeschlaangen! Vill Organisatiounen, wéi d’“Croix Rouge”, hunn nëmmen eng begrenzt Unzuel un Appartementer a Studioen. Si loune vu private Proprietairen an hu selwer Wunnengen. Soubal eng vun deene fräi ass, ginn dës weider u Jugendlecher verlount. Mee et ginn sou vill méi Jugendlecher a Nout als ewéi Plazen! Natierlech wëll all Hëllefsorganisatioun jidderengem hëllefen, mee dat ass einfach hei zu Lëtzebuerg net méiglech. Dofir gëtt selektiv gehollef: Jugendlecher an extrem prekäre Situatiounen kommen als éischt drun. Ee Grond fir déi Waardeschlaangen ass, dat vill Jonker, déi sou Hëllef unhuelen, sech net méi selbstänneg maache kënnen. Vill erreechen vläit hir Zieler, z.B. eng fest Aarbecht, awer mat dem klenge Revenu kéinte si ni alleng iwwert d’Ronne kommen. Dat Ganzt gëtt méi komplizéiert, well puer Etablissementer nëmme fir een Typ vu Läit geduecht sinn, dat heescht Heemer huelen nëmmen eng bestëmmt Zorte vu Läit un, z.B. Jugendlecher, déi speziell psychologesch Ënnerstëtzung brauchen, oder jonk Mamme mat hire Puppelcher oder ganz einfach Studenten. Wat ech och gemierkt hunn, ass datt déi Diversitéit vun Hëllefsorganisatiounen eng Desorganisatioun mat sech bréngt. An zwar schaffen vill Organismen net genuch mateneen. Aus menger Erfahrung sinn déi betraffen Organisatiounen net genuch ënnert sech informéiert, dofir ass et mär oft scho geschitt, datt ech falsch weider orientéiert gouf. Natierlech kaschten sou Feeler vill Zäit, ënner anerem fir déi Jonk, mee och fir d’Hëllefskräft. Ech mengen eng ganz Reorganisatioun vun all deenen Organismen, géif zu méi Erfolleg féieren. Mee, keng Angscht! No vill Beméien a Gedold kritt een endlech, mat bësse Chance, gehollef. Ech wunnen lo säit zwee Méint a mengem eegene (klenge) Studio.
Marcel