Vum 7. bis den 23. Februar goufen déi 22. Olympesch Wanterspiller a Russland ausgedroen, méi genau ronderëm d’Staat vun Sotschi, déi un der Küst vum schwaarze Mier läit. Et war déi éischter Kéier, datt Olympesch Wanterspiller a Russland ausgedroe goufen. Säit en am Joer 2007 den Zouschlag fir d’Spiller krut, huet de momentanen Staatschef Wladimir Putin et als Chance gesinn, sech an säin Land der Welt ze presentéieren. Onglécklecherweis wäerten dës Spiller den Mënschen aus anere Grënn, ewéi dem Sportsevenement selwer, an Erënnerung bleiwen.
Schonn am Joer 2012 hat déi bekannte russesch Punkband „Pussy Riot“ sech als grouße Kritiker vum Staatschef Wladimir Putin erausgestallt. Bei hirem sougenannten „Punkgebet“ an der Christ-Erlöser- Kathedrale zu Moskau hunn sie an der ganzer Welt op sech opmierksam gemaach. Am Kader vun den Olympesche Wanterspiller zu Sotschi hat sech d’Punkband zeréck gemellt an hat schonn 2013 zum Boykott vum Sportsevenement opgeruff. Grond dofir huet dat neit russescht Gesetz gebueden, datt d’Verbreedung vun positiven Aussoen am Zesummenhang mat der Homosexualitéit géigeniwwer vun Jugendlechen strofbar ass. Net nëmme Russen si betraff, mee och Auslänner déi d’Land besichen, kënnen mat Strofen vun bis zu 15 Deeg Prison oder der Ausweisung aus Russland rechnen. Eng Gesetzgebung déi an wäiten Deeler vun der Welt fir Entsetzen gesuergt huet an Wellen vun Protester, net nëmmen géint d’Gesetzgebung, mee och géint d’Ausriichtung vun den Olympesche Wanterspiller ënnert dëse Konditiounen, mat sech bruet huet. Onrouen, déi Russland am Virfeld vun den Spiller net erlaben wollt. Friddlech Protester goufen mat Hëllef vun der Police opgeléist an Demonstranten goufen verhaft, mussen sech souguer zum Deel viru Geriicht verantworten. Déi russesch Féierung ënnert dem Putin, probéiert all Gedanken vun Protest am Keim ze erstécken. Daat bescht Beispill dofir waren d’Verhaftungen vun zwou Sängerinnen vun der Grupp Pussy Riot den 18. Februar zu Sotschi. Geheescht huet et, datt déi zwou Fraen ënnert dem Verdacht stoungen, Saachen aus engem Hotel geklaut ze hunn. Uschëllegungen déi sech spéiderhin als komplett falsch erausgestallt hunn. Ausserdeem goufen Memberen vun enger Mënscherechtsorganisatioun festgeholl. An béiden Fäll, gouf eegenen Aussoen no keng Intentioun ausgedréckt eng Demonstratioun ze starten an zudeems gouf den brutalen Agrëff vun der Police bei der Festnahm kritiséiert. Vertrieder vun der Organisatioun „Human Rights Watch“ hunn sech negativ iwwert d’Agräifen vu Russland geäussert. Laut hirer Meenung geet Russland en staarken Broch mat den Mënscherechter an, andeems den Leit hir fräi Meenungsaüßerung an hirt Versammlungsrecht ageschränkt oder souguer ganz wechgeholl gëtt. Op politeschem Buedem sinn d’Stëmmen géint déi russesch Politik och wäit verbreed. Sou huet sech fir Lëtzebuerg, d’Ex-Ministesch Colette Flesch zesummen mat der lëtzebuerger Fraktioun vun Amnesty International zu Wuert gemellt. D’Madame Flesch, déi selwer bei Olympeschen Spiller ugetrueden ass, huet zum politesche Boykott opgeruff, an hellt d’Politiker an d’Pflicht der russecher Führung bewosst ze maachen, datt d’Anhaalung vun den Mënscherechter essentiell ass. Des Weideren huet een sech géint den Boykott vum sportlechen Event ausgeschwat gehat, well een den Sport kloer vun der Politik trennen soll. Sportler bereeden sech während 4 Joer op d’Spiller fir, an déi zielen zu den Höhepunkten
an hirer sportlecher Carrière. Der nämmlechter Meenung ass den Comité Olympique et Sportif Luxembourgeois, deen den Sport net als Hëllefsmëttel ugeséit fir politesch Konflikter auszedroen. Aner grouß Perséinlechkeeten wei d’EU Justizkommissärin Viviane Reding an den US President Barack Obama haten d’Decisioun geholl d’Feierlechkeeten zu Sotschi net ze besichen, wéinst de politeschen Handlungen vun Russland. Mee d`USA huet net nëmmen duerch d’Ewechbleiwen vum US-President aus Sotschi op sech opmierksam gemaach. Nëmmen e puer Deeg virun der Erëffnungszeremonie gouf d’Noriicht duerch d’USA verbreed, datt d’Méiglechkeet vun Terrorattacken op d’Olympiastaat besteet, an Form vun Zahnpastatuben, déi mat Sprengstoff gefëllt wieren. Dat war net déi éischt Warnung virun Terrorattacken déi d’Spiller an Gefor bruet hunn. Am Dezember 2013 goufen zwee Bommenattentater ausgeübt bei deenen méi wéi 30 Leit gestuerwen sinn, an iwwer 70 schwéier blesséiert gi sinn. Spéiderhin hunn sech islamistesch Rebellen zu den Attentater bekannt an hunn mat weideren während den Wanterspiller gedroht. D’Sécherheet, net nëmmen vun der Veranstaltung, mee och vun den Sportler an ugereeste Fans wier domat net geséchert. D’USA huet direkt gehandelt an zwee Krichsschëffer un der Küst no beim schwaarze Mier postéiert fir am Noutfall hir Sportler evakuéieren ze kënnen. Et war un Russland fir streng Sécherheetskontrollen opzebauen, fir datt d’Spiller normal ofgehale konnte gin, ouni datt se an engem Drama enden. Vum Oflauschteren vun Telefoner an Kontroll vum Internet bis hin zu Militärënnerstëtzung gouf alles preparéiert fir déi bal dräi Woche laang Festivitéiten. Et goufen alleng méi wéi 60.000 Polizisten an Zaldoten an Sotschi stationéiert, iwwer 5500 Iwwerwaachungskameraen waren am Asaz. Et gouf extra een speziellen Visum agefouert fir an d’Sécherheetszone vun der Regioun bei Sotschi ze kommen. Obwuel Russland gelueft gouf fir all déi Mesuren, déi getraff goufen fir datt d`Spiller ouni Problemer oflafen konnten, sou war den Opwand enorm an konnt trotzdem net vun der Ongewëssheet oflenken, datt en Attentat ausgeübt gi kéint. Wann een op déi lëscht Olympesch Spiller zeréck kucken wëll, dann erënnert een sech un Sportler, déi während zwou Wochen alles ginn hunn an sech am internationalen Wettbewerb géinteneen gemooss hunn fir eraus ze fannen ween deen Beschten ass. Fir déi 22. Wanterspiller zu Sotschi bleift leider en aneren Androck zeréck. Och wann den Sport un éischter Plaatz stoen sollt, sou waren dës Spiller éischter geprägt vun der Politik an Froen no der Sécherheet, wat den Ëmstänn entspriechend net anescht méiglech war.
Raoul