Den 21. Februar hate mir d’Méiglechkeet mam Ministre de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche, dem Claude Meisch, en Interview ze maachen. Eis Schwéierpunkten loungen bei dësem Interview bei him als Persoun, als Minister op senger neier Aarbecht, an awer och de Ministère selwer, souwéi d’Lycéesreform. 

Mëscht ären Alter aus Iech e Minister, dee méi no un deene Jugendlechen ass? Op eis éischt Fro hin laacht den Här Meisch a bemierkt, datt de Premier méi jonk ewéi hien ass. Hee weess, datt hien och net méi sou jonk ass, fir deene Jonken doduerch méi no ze sinn, an hien mëscht sech an där Hinsicht och keng Illusiounen. D’Jugend, wéi hien se zu senger Zäit erlieft huet, war komplett anescht, wéi déi haut. Ënnert anerem, ginn et haut Opportunitéiten a Geforenfir Jonker, déi et deemols an där Form nach guer net gi sinn (Stechwuert nei Medien: Internet, Facebook, etc.). Den Här Meisch fennt awer, datt hien duerch säin Alter dee Virdeel huet, datt di grouss Décisiounen, déi eenals Jonken huele muss, nach net sou wäit wech sinn, datt en sech net méi draversetzen kéint, an datt en awer entretemps genuch Distanz zu deene Saachen huet fir gutt Décisiounen huelen ze kënnen.

„Wichteg an der Politik ass, datt een Versteessdemech huet. Datt ee probéiert sech an d’Situatiounen vun anere Leit eranzeversetzen. Datt een net mengt, datt een alles wëssen géif oder besser wëssen géif. Ech hu leiwer e Minister dee vill Joeren huet, dee weess, datt hien net alles wees, an doduerch deene Jonker méi nolauschtert, ewéi een vun 42 Joer, deen seet: Oh, ech si selwer nach jonk, da weess ech besser, wat lo gutt ass fir déi Jonk. Dat geet soss schif.“ 

Firwat mengt Dir, datt Dir fir dësen Posten gewielt gouft? Den Här Meisch huet direkt kloergestallt, datt ee vun den Bierger fir an d’Chamber gewielt gëtt, an datt duerno d’Parteien (déi „gewonnen hunn“) kucken wéi si eng Regierung bilden wëllen. Wou et kloer war, datt d’DP an d’Regierung goen géif, huet d’Allgemengheet ugeholl, datt hien zum Finanzminister ernannt gi géif. Mee den Här Meisch huet ee RDV mam deemolegen Formateur, dem Xavier Bettel, gefroot an him erklärt, datt hien zwar gären als Finanzminister goen géif, mee datt, wann en säi Wonsch fräi äusseren kéint, seng Präferenz de Posten vum Educatiounsminister wier. Eng weider Ufroo waren den Héichschoulministère a d’Integratioun vun de Voleten Enfance an Jeunesse an den Educatiounsministère. Dës Beräicher sinn, sou den Här Meisch, enk mateneen verbonnen an ënnert dëser Form besser ze geréieren. Hien huet dunn virgeschlo, dës zwee Ministèren net alleng, mee zesummen mat engem Staatssekretär z’iwwerhuelen. Hien gesäit dësen Posten als eng interessant Aufgab, ënnert anerem well een un der Zukunftsgestaltung vum Land an och un den Zukunfstchancen vun deene Jonker schafft.

Wat sinn är Haaptobjektiver fir d’Zukunft? Als éischten Punkt nennt den Här Meisch de Rapprochement vun der ganzer Kannerbetreiung an dem Domaine vun der Schoul. De Ministère wëll seng Aflossméiglechkeeten an der Entwécklung vun deene Jonken erweideren, ënnert anerem, de Verlaaf vun der Crèche bis zum Ofschloss méi kohärent maachen.

De neie Ministère, dee lo béid Beräicher – engersäits Crèche a Maison Relais an aanerersäits d’Schoul – regruppéiert, bidd enorm vill Potenzial, well der Zusummenaarbescht keng Grenze gesaat sinn an domat eppes neies lancéiert gi kéint (zum Bsp. am Beräich wou d’Kanner nach ganz jonk sinn). D’traditionell Schoul gouf oft negativ gesinn, well si vill Problemer net leise kann oder villes net mëscht. D’Schoul kann awer net alles maachen, sou den Här Meisch. D’Kanner kommen mat 3-4 Joer an den System eran. Wat een dobäi oft vergesst ass, datt déi wichtegst Entwécklungsphase vun engem Kand vun 0 bis 3 Joer stattfënnt. De neien Ministère huet d’Méiglechkeet d’Sproochentwécklung an d’Sozialkompetenzen ze förderen: Wat een als Kand vun doheem vläicht net iwwerall matkritt, soll d’Schoul probéieren ze kompenséieren. Als Bsp. kéint een an der Crèche eng Educatrice astellen, déi nëmmen Franseich schwätzt, sou datt een dono an der Schoul manner Sproocheschwieregkeeten huet.

Zum Aneren, därf ee net vergiessen, datt d’Sproochesituatioun hei am Land zimlech komplex ass. Et gëtt keen aanert Land, wou zwou Sproochen doheem geschwat ginn (oft Lëtzebuergesch an Portugiesesch) an zwou anerer an der Schoul enseignéiert ginn (Däitsch an Franséich). Dëst kann zu schoulesche Schwieregkeeten féieren.

Eng Léisung wär, d’Alphabetiséierung an der Schoul net nëmmen op Däitsch, mee och op Franséich unzebidden.

Hautdesdaags gëtt d’Exzellenz an dräi Sproochen gefrot, wat eng Ongerechtegkeet par rapport zum Ausland ass, wou doheem an an der Schoul oft déi selwescht Sproochen geschwat ginn. Et ginn Ausbildungsweer, wou Jonker, well se eng Schwächt an enger Sprooch hunn net reusséieren kënnen. Ganz vill Jonker ginn zum Bsp. an d’Belge, well se do net am Däitschen gepréift ginn. Do kréien si en Diplom, deen se a Lëtzebuerg net kritt hätten, well se eng Schwächt am Däitschen hunn.

D’Situation gëtt ëmmer mé komplex, well vill Immigranten op Lëtzebuerg kommen, déi schonn am Lyceesalter sinn. Vun hinnen ginn genau sou gutt Sproochekenntnisser erwaard, wéi vun deenen, déi och hir Primärschoul hei absolvéiert hunn, fir hir Schoul hei fäerdeg ze maachen.

Dowéinst muss een an der Schoul eppes änneren. Éischtens, mussen d’Ongerechtegkeeten verschwannen. Et muss méiglech sinn en Ofschloss ze maachen andeems een eng Sproch exzellent beherrscht an gutt Kenntnisser an deenen zwou aneren huet, well bei den Demanden u Sproochekenntnisser um Aarbechtsmarché gëtt oft net op déi dräi Sproochen gesat.

Bref, et geet drëms, déi Sprooch ze léieren, déi ee brauch, fir dat ze studéieren,  wat ee wëll. Zousätzlech, ass Englesch am akademeschen Beräich wichteg. Et muss een och kucken fir Englesch gutt an der Schoul z’integréieren, fir datt jiddereen gutt Méiglechkeeten fir ee Studium huet.

Zu der Fro op hien en Sujet huet, deen him um Herz läit, äntwert den Här Minister, datt et haaptsächlech drëms geet eng kohärent Politik ze féieren. Zum Aneren, affirméiert hien, datt hien probéiert am Interêt vun de Kanner an deenen Jugendlechen ze denken.“

Vidrun waard Dir Buergermeschter (vun Déifferdeng) an elo sidd Dir Minister, a wéi fern huet sech ären Dagesoflaf verännert? Den Minister äntwert, datt et fir d’éischt emol vill méi zäitintensiv ass: „Et gëtt ganz vill vun menger Zäit verplangt, vun Moies bis Owes“. An da gëllt et vill verschidden Informatiounen ze sammelen an ze verstoen, an dofir haat de Minister déi läscht zwee Méint haaptsächlech Entrevuen fir d’Léit vun deene verschiddenen Strukturen kënnen ze léieren. De Minister huet wëlles sech an Zukunft méi Zäit ze loossen fir méi Spontanitéit an seng Woch bréngen ze kënnen. Hien wënscht sech d’Meiglechkeet ze kréien fir d’Situatioun heinsdo aus enger aanerer Perspektiv gesinn ze kënnen. Den Minister wëll besonneg oppassen, datt en net Betriebsblann gëtt: „Et dierf een de System net nëmmen vun bannen aus gesinn“. Hien wënscht sech en direkten Kontakt mat deene Leit, déi um Terrain selwer schaffen. Kontakt mat den Educateuren an de Crèchen, mat den Proffen an der Schoul. Hen wëll net, datt do ëmmer sou vill Instanzen dertëscht leien, datt et fir d’éischt iwwert den Direkter vum Kannerheem, dann iwwert den Conseil de Gouvernement asw. goen muss. Hien géif gären gesinn, wéi déi Politik, déi si maachen an proposéieren an der Praxis ukënnt. Hien fënnt et schued als Minister éierens hinzekommen an net d’Geleegenheet ze kréien mat de Responsablen an e Gespréich ze kommen. Oft sinn déi Rendez-vous’en sou knapp, datt hien grad mol d’Zäit huet fir de Kanner hir Gedichter ze lauschteren, no enger Stonn awer schonn vum Chauffer gesoot kritt, datt se weider mussen.

Mat der Vergréisserung vun dësem Ministère, ass et do net schwéier den Iwwerbléck ze behaalen? Dorop äntwert den Minister, datt et schonn ëmmer en enorm groussen „Tanker“ war. Wichteg ass, sou den Här Minister, datt et net ëmmer duer geet politesch Decisounen ze huelen, mee datt een se och no baussen erklären muss. Decisiounen ginn ëmmer staark kritiséiert an dat ass positiv, dann kënnen d’Leit och matschwätzen, mee et muss een hinnen eben fir d’éischt eng Méiglechkeet ginn alles ze verstoen, fir datt se en connaissance de cause kritiséieren kënnen. An et därf een och net vergiessen, datt een déi Erklärungen net nëmmen no baussen (zum Bsp.: Eltren, Schüler), mee och no bannen (zum Bsp.: Proffen, Ministerpersonal) gi soll.

Wat ass är Vision vun der Jugend an e puer Joer? Den Här Meisch fënnt, datt een net vergiessen soll, datt all Generation iwwert di läscht Generatioun lamentéiert. Déi Generatioun vum Moment gëtt ëmmer kritiséiert. Mir, d’Gesellschaft, mussen an Zukunft ëmmer méi oppassen. Zum Beispill dorop, datt mir net zevill vun engem Kand erwaarden an mengen et hätt schonn den Verstand vun engem 30-Jähregen. An Oppassen, datt mir der Jugend genuch Zäit loossen jonk ze sinn, fir datt se hir eegen Erfahrungen an Dommheeten maache kann.

Marcel, Sarah & Delphine

 

Notes de la rédaction

Wat geschitt mat der Schoulreform?
Déi nei Regierung huet wëlles un der aaler Reform ze schaffen an net vu vir unzefänken. Verschidde Punkte géifen sou iwwerholl ginn, awer e ganze Koup misst präziséiert ginn an zum Deel och komplett verännert ginn, sou den Här Meisch. Wat a wéi een d’Saachen nach ännert wier nach zimlech oppen, obwuel ons Regierung am léifsten net nach méi Joere mat der Reform waarde wéilt.

Net all Sproochen neidesch fir e lëtzebuergeschen Diplom ze kréien?  

Den Éducatiounsminister huet erkläert, datt een eventuell deemnächst säin 1ère/13ème-Diplom kréien kéint, ouni di 3 Haaptsproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) perfekt ze kënnen. Et kéint een nämlech eventuell eng Sprooch ewechloossen di een an sengem Parcours nëmmen bremst.

2015 schonn di nei Schoulreform!

Enn dës Joers 2014 soll, am beschte Fall, bereets en amendéierten Text bestoen sou datt d’Gesetz iwwert d’Schoulreform 2015 gestëmmt gi kann.

Opklären! 

Wéi sech d’Regierung dat mat der Schoulreform konkret virstellt, soll an den nächsten Méint kloer erkläert ginn. Jidderee soll d’Geleeënheet kréien ze verstoen, wéi di verschidden Aspekter vun dëser Reform gemengt sinn.