Quelle aventure!

Sou lues ass et un der Zäit sech op de Summer virzebereeden! Ab an d’Schwämm, zum Bsp. zu Bouneweg, wou ech am Plaatz vun 3.4 €, just 1.7 € bezuelen! Zwee Mol d’Woch schwammen, an ech spueren ëm déi 40 € déi nächst dräi Méint!

Mee meng Frëndin hat gemengt, fir datt ech net ze vill Sonnebrand kréien am Summer, datt ech meng Haut virbereeden soll. Also ab an de Sephora. An déi 10%, déi ech op der Sonnecrème spueren, ginn nach vläit duer fir deen een oder anere Mascara!

Soll ech da lo mäin Englescht verbesseren mat Lingua Tours, oder dach léiwer nëmme relax an de Süden an eng vun den 4000 Jugendherbergen an iwwer 90 Länner? Oh egal, ech kann dat och nach méi spéit kucken! Lo mol fir d’éischt an de Kino fir sech z’entspanen, an gläichzäiteg 1.8 € manner ausginn!

Vläit kann ech awer och schonn fir Péngschte bis an d’Sonn, awer net sou wäit… Camping mat de Frënn, mat enger 20% Reductioun, sou hu mer se am léifsten! Zum Bsp. um Camping Bel Air 20% fir Reservatioun vun mengem Weekend am Juni.

Mee wat war dee Weekend ustrengend, et ass un der Zäit mech e bëssche verwinnen ze loossen, bei Yves Rocher, mat 10% Remise!

Lo fehlt just nach de Sonnebrëll, well ech ginn awer léiwer an de Süden. Bei Vue d’Oeil kréien ech 15%. An dee gëtt dann direkt dëse Weekend op der Terrass vum Chi-Chi’s getest!

Mee egal wou d’Rees higeet, ech weess, ech ginn net am Stach gelooss! Meng Europ-Assistance ass fir mech do!

 

Savings

  • 3 Méint Piscine Bonnevoie: ~40€
  • 10% remise crème solaire: ~6€
  • Jugendherbergskaart gratis: 10€
  • Kino: 1.8€
  • Yves Rocher, soin à 100€: 10€
  • Coole Sonnebrëll: ~18€
  • Chi-Chi’s: ~10€
  • + Reesassurance
  • + Remise Camping an/oder Lingua Tours

 

Merci Carte Jeunes! 🙂

 

Sarah