D'Clara huet 17 Joer an ass op 3e am Lycée Michel Rodange.

D’Clara huet 17 Joer an ass op 3e am Lycée Michel Rodange.

Waat huet dech motivéiert fir an d’Ausland ze goen?

Ech fannen reesen ganz interessant, ech reesen vill an zimlech oft. Ech war och schonn fir ee Joer mat menger Famill an Indien. Well mir dat ganz gutt gefall hat, wollt ech gären sou en Abenteuer alleng erliewen. Meng Elteren hunn mech och ëmmer voll a ganz ënnerstëtzt, wat mech zousätzlech motivéiert huet.

Virwaat direkt sou wäit fort? Wat huet dech speziell un Neuseeland interesséiert?

Ech sinn der Meenung, firwat en Austausch an England oder Frankräich maachen wann et och nach méi interessant an méi wäit geet? Ech interesséieren mech fir aner Kulturen an dat war eng eenzegaarteg Chance Neuseeland, seng Menschen an d’Kultur z’entdecken. Ech hunn et och interessant fonnt op enger Insel ze sinn an an engem Land ze liewen, wat reicht 1769 vun aneren Vëlker besidelt gouf.

Sou eng Rees well jo och gutt organiséiert sinn. Wéi hues du dech op dësen Tripp virbereed?  

Ech hunn mech iwwert Neuseeland informéiert an hunn mech och iwwert d’Schoul informéiert. Ech hunn mat menger Gaaschtfamill vun dohannen E-Mailen geschriwwen an per Skype telefonéiert.

Ween huet dir bei der Organisatioun gehollef?

Am Allgemengen hunn ech alles alleng organiséiert. Ech hat Rendez-vous’en bei verschiddenen Organisatiounen, mee leider hat keen richteg valabel Informatiounen fir Neuseeland an hunn mer ëmmer nëmmen Nimm vun Organisateuren wéi EF oder WEP ginn. Mee mir waren déi ze deier an dowéinst hunn ech mer einfach um Internet Schoulen ugekuckt an hunn déi dunn direkt ugeschriwwen. Do krut ech och séier Äntwerten an dat huet sech dann sou erginn, datt d’Schoul dann direkt alles aneres mëscht, also Versécherung, Famill, also alles organisatoresches op der Plaatz. Doduerch hunn ech dann och direkt e puer dausend NZ-Dollars gespuert.

Mat wéi engen Erwaardungen bass de an de Fliger geklomm?

Wou ech an den Fliger geklommen sinn, war ech immens nervös an opgereegt. Ech war gespaant op meng Famill dohannen, d’Landschaft, d’Mënschen an alles neies.

Wéi war däin éischten Androck vu Neuseeland?

Ech muss zouginn, datt mäin éischten Androck e bëssi verschwommen ass, well ech immens midd war no mengen zwee 8 Stonnen Flich. Mee schonn wéi ech zu Auckland ukomm war, muss ech soen, datt d’Leit do all mega frëndlech sinn. Si hunn ma all gehollef an Hëllef ugebueden. Jiddereen war gutt gelaunt an huet gelaacht. Mee ech hunn och direkt d’Plage gesinn, déi wonnerschéin Haiser vun Napier an deem flotten Art-Deco Stil. An och meng Famill war immens frëndlech an huet mech direkt an den Aarm geholl an ech hunn mech schonn direkt wie Doheem gefillt.

D’Klengstaat, Havelock North, wou ech gewunnt hunn.

D’Klengstaat, Havelock North, wou ech gewunnt hunn.

Du bass also gutt dohannen ënnerkomm?

Ech hunn bei enger Famill gewunnt, mat enger allengerziehender Mamm an dräi Schwësteren, en richtegen Fraenhaushalt also. D’Haus war nëmmen 5 Minutten ze Fous vun der Schoul ewech an modern mat enger Schwämm. Si hunn och en Hond an eng Katz gehat.

Gouf et Startschwieregkeeten?

Nee, do muss ech soen, datt do kee Problem existéiert huet. Ech hunn mech direkt gutt mat menger Gaaschtmamm verstanen an mat mengen Schwësteren. Och mam Engleschen war dat kee Problem, just datt et bëssi kal war, well et do keng Heizungen ginn an d’Haiser schlecht isoléiert sinn an et an der Nuecht awer an d’Minusgraden geet.

Wéi huet dir d’Schoul gefall?

Am groussen an ganzen huet mir d’Schoul gutt gefall, well di och dohannen ganz aner Schoulfächer hunn wie zum Beispill Kachen, Bitzen, Film, Computer. Ech hunn et interessant fonnt déi aner Schoulfächer z’entdecken an och den Stil wéi den Cours gehale gouf war anescht, et gëtt méi Wärt dorop ugeluecht, datt jiddereen sou eegestänneg wéi méiglech schafft, souwuel an der Group wéi och individuel. Ausserdeem huet d’Schoul och ganz flott Reesen organiséiert, wat den Schüler ënnerstëtzt d’Land z’entdecken.

Wéi war et dann mam Verlaangeren?

Ech muss soen, datt ech iwwerhaapt net verlaangert hunn. Ech hunn meng Famill vermësst an och mäin Doheem an meng Kollegen, an d’Schoul. Mee ech hu ni gekrasch oder hat schlecht Deeg dowéinst. Meng Famill huet mech och vermësst, mee mir haten och dauerhaft Kontakt, wat dat ganzt definitiv erlichtert huet. An mir hunn och all Woch per Skype telefonéiert.

War Neuseeland selwer sou wéi’s du der et virgestallt has?

Ech muss soen, datt ech d’Landschaft wierklech immens beandrockend fonnt hunn an jiddereen war wierklech immens léif an sympathesch.

Wat war fir dech besonnesch faszinant?

Ech hunn et immens faszinant fonnt wat fir eng positiv Energie an Frendlechkeet vun jidderengem do aus geet!

Den Skitrip op engem aktiven Vulkan, dem Mount Ruapehu.

Den Skitrip op engem aktiven Vulkan, dem Mount Ruapehu.

Däi beschte Moment an Neuseeland?

Majo ech muss soen, datt ech vill super Momenter erlieft hunn. Ganz besonnesch d’Skifueren op engem nach aktiven Vulkan hunn ech extrem flott fonnt, mee och zum Schluss vun mengem Tripp wou mir während méi wéi engem Mount all Dag iergendeppes gemaach hunn. Den een Dag waren mir Lasertag spillen, een aneren Kajak oder Wanderen. Daat war eng super flott Zäit an all Owend sinn ech ganz futti Heem komm, mee et war einfach super erfëllend.

Géifs du des Rees nach engkéier untrieden?

Also Neuseeland wëll ech op alle Fall nees besichen! Ech fannen et ass einfach e wonnerschéint Land an ech wärt ëmmer wonnerbar Erënnerungen mat dësem Land verbannen. Mee déi Rees wärt wahrscheinlech net demnächst ustoen, well et ass awer eng laang an deier Rees. Och studéieren wéilt ech elo do net, well et  mir awer e bessi ze „inselhaft“ ass.

Wat géifs du aneren roden, déi och un sou enger Auslanderfahrung interesséiert sinn?

Fir d’éischt géing ech mol soen, datt jiddereen deen Loscht huet an motivéiert ass sou eng Erfahrung ze maachen, déi och maachen kann! Et muss jo net grad sou wäit sinn, mee et ass onheemlech flott an et sammelt een Erfahrung fir d’Liewen. Ech muss och soen, datt een net onbedéngt mat enger Organisatioun goen muss, genau sou wéi ech dat net gemaach hunn. Ech sinn der Meenung, datt jiddereen sou eppes maachen kann!