Wéi Ofschlossexamen an Stress Hand an Hand ginn!

Fir vill Schüler vun 1ère an 13ème fänkt elo am Mee eng Nerven opreiwend Zäit un. Wéi zum Schluss vun all Joer stinn d’Examen rëm virun der Dir, an eng honnerten vu Schüler huelen drun Deel. Als een vun deenen villen, déi dëst Joer untrieden, kann ech e bësschen iwwert mengen Matschüler hir, an meng eegen Erfahrung zu dësem Sujet beriichten.

Et schafft ee 7 Joer dorops hin dëse Punkt an der schoulescher Carrière ze erreechen. Den Examen ass d’Schlussétappe op enger laanger Streck déi een duerch de Lycée begleed, an d’Enn vun engem Liewensofschnëtt symboliséiert. Sou faszinéierend, wéi dëst och klengt sou kënnt dëse Schrëtt och mat engem immensen Stress an Drock op den Schüler zou. Fir mech gouf deen Drock duerch verschidden Aarten siichtbar.

Zum Engen kënnt et doduerch, datt den Examen wéi en grousst Aushängescheld, iwwert dem Ofschlossjoer hänkt, dat net ignoréiert gi kann. D’Proffen sinn oft an hirem Bestriewen mir an mengen Matschüler d’Wichtegkeet vun den Examen kloer ze maachen (haartnäckeg), scho vum éischte Schouldag un. Obwuel d’Prüfungen och en wichtegen Deel vum Joer ausmaachen, sou ass et trotzdem virun allem eng Virbereedung op den Examen, deen en Groussdeel vun der Endnotte ausmécht. Alles an allem sinn et virun allem déi puer Wochen vun der Examenszäit, déi doriwwer decidéieren op ee säi Joer packt oder net, wat mech als Schüler ënnert ee grouße Stress stellt. Trotzdem ass et menger Meenung no eng wichteg Aufgab vun de Proffen, dëst de Schüler kloer ze maachen, déi, am schlëmmste Fall et soss op eng ze liicht Schëller kéinten huelen.

Een anere Faktor, deen offensichtlech ass, ass déi grouß Quantitéit un Léierstoff, déi den Schüler duerchhuelen muss. Als Schüler vun enger Sektioun G ginn ech an 10 Fächer gepréift, wat fir mech perséinlech en groußen Opwand ass. Fir déi aner Sektiounen ass den Drock net manner kleng. Onofhängeg dovun geréit ee séier ënner Zäitdrock. Am groußen ganzen war ech selwer iwwerrascht, wéi séier d’Zäit ëmgangen ass bis hin zu den Examen.

Zousätzlech dozou ginn et nach aner Verflichtungen, déi mech an Usproch geholl hunn, an ouni Zweiwel och vill aner vun menge Matschüler. Sou ass d’Sich no enger Uni och en wichtegen Prozess an dëser Zäit. Wann dann nach dobäi kënnt, datt d`Draamuni eng gewësse Notte verlaangt fir ugeholl ze ginn, ass den Usproch un den Schüler ëmsou méi héich.

Obwuel de Stress an dëser Zäit enorm fir mech ass, hunn ech probéiert mat menger roueger Aart an Weis un dës lescht Etape vum Lycée erun ze goen. Stress an Drock kann an sou wäit hëllefen dass et engem hëlleft fokusséiert ze sinn an dofir ze schaffen, mee wenn een net oppasst kann een liicht dorunner scheiteren, wat ech onbedéngt verhënneren well.

Zum Schluss wollt ech nach jidderengem deen an der nämlechter Situatioun ass wéi ech, alles Guddes wënschen an vill Gleck an den Examen.


Raoul