Freides, den 25. Abrëll huet d’UNEL zum Streik opgeruff. Méi wéi 10.000 Schüler an Studenten hu matgemaach an sech géint d’Kierzung vun der Studiebourse ausgeschwat. Mir waren kucken an hu probéiert erauszefannen wéi gutt d’Leit informéiert waren an wéi eng Meenung si zu dem Thema haten.

Vill Jonker sinn mat hire Protestschëlder an d’Stad komm.

Vill Jonker sinn mat hire Protestschëlder an d’Stad komm.

Selina, 18, LNW

Ech hu mech iwwert den Internet a bei der CNEL renseignéiert iwwert d’Reform, an ech fannen et net gutt, datt net gekuckt gëtt, wéi d’Famill ausgesäit (wéivill Kanner, wëllen d’Elteren een ënnerstetzen, asw). Fannen et och net gutt, datt obwuel d’CNEL gefroot huet fir mam Här Meisch ze schwätzen, dat net geklappt huet. Sinn awer fest dervun iwwerzeegt, datt de Streik eppes bréngt, a wann et nëmmen ass fir déi z’informéieren, déi bis lo na net Bescheed wossten.

Niels, 18, LTE

Sinn net mat alle Punkten averstaan vun der Reform. Géif et gutt fannen, wann d’Basis-bourse erhéicht géif ginn. Fannen och, datt déi sozial Situatioun net soll en compte geholl ginn, well egal wéivill d’Eltere verdingen, wann se de Student net wëllen ënnerstëtzen, dann hängt en. Et soll och net zäitoofhängeg sinn, wéilaang ee brauch fir säi Master z’ereechen. Wat gutt war, war datt eis Proffen eis och informéiert hunn. Mir däerfen awer och net vergiessen, datt een an anere Länner vill vill manner kritt, als ewéi hei!

2*Anonymes, 16, LCE

Mir kruuten d’Reform an der Schoul erklärt, a goufen informéiert iwwert de Streik. Et dierf een net un der Bildung spueren. Et ass awer gutt, datt ee méi kritt wann een an d’Ausland geet, als ewéi wann een hei bleiwt.

Anonymes, LTEtt

D’UNEL huet dat hei organiséiert, mir haaten och vill heidriwwer an den Zeitunge gelies, an hunn och vill mat Proffen a Kolleege geschwat. Facebook hu mer och genau gekuckt. De Staat spuert op Käschte vun de Studenten, an dat ass eng schlecht Plaatz dofir. De Staat sollt mol dem Här Meisch säi Salaire kierzen am Plaatz.

Anonymes, LCD

Et ass iergendeng Studentenorganisatioun, déi dat hei geplangt huet. Mir hunn eis bei eiser Famill an um Internet iwwert de Streik an d’Reform informéiert. D’Bourse soll net gekierzt ginn – Studenten brauchen se – De Staat soll op anere Plaatze spueren.

De Pol Reuter ënnerstréicht di grouss Revendicatioune vun der UNEL.

De Pol Reuter ënnerstréicht di grouss Revendicatioune vun der UNEL.

Marie, 19, LTPES

Et ass de Pol Reuter, deen dat hei organiséiert huet. An der Schoul, op Facebook, op RTL an an der Zeitung hunn ech mech informéiert. Fannen et net gutt, datt jidderee soll souvill Sue kréien. Wann een zum Bsp. zu Lëtzebuerg bei sengen Eltere bleift, brauch ee jo net souvill Suen, wéi een deen an d’Ausland plënnert an do Loyer bezillt. Famillie mat vill Revenu, solle manner Sue kënne kréien, mee d’Studenten sollten egal wéi kënnen indépendant an d’Ausland goen, ouni vun den Elteren ofhängeg ze sinn. Vläit kënnen se d’Bourse och einfach sou si loossen. An aanere Länner weess ech, datt et manner deier ass, an dofir ass et jo och normal, datt se manner Bourse kréien.

Anonyme

Ech weess zwar net ween dat hei organiséiert huet, d’Schüler oder den Här Meisch vläit. Di ganz Reform ass awer egalwat. Datt se e bëssche wechhuelen, ass eng Saach, mee se sollten se net souvill kierzen. An anere Länner hunn se vill manner Suen. Di Informatiounen déi ech hunn, hunn ech an der Schoul kritt, resp. um Internet fonnt.

Isa & Lysiane, 19, LTEtt

Keng Ahnung ween dat hei organiséiert huet! Mir hun eis op Facebook an iwwert d’Noorichten informéiert. Studéieren dierf net zu engem Luxus ginn! Jidderee sollt d’Chance hunn eppes bäizeléieren. Datt een deemno wou ee studéiere geet, ee méi oder manner Sue kritt, dat ass wichteg. Wann ech zum Bsp. an d’Schwäiz well goen, soll ech och méi Bourse kënne kréien. Et soll ee berücksichtegen, datt et Arm, Räich a Mëttel-Räich Famillie gëtt, an di Mëttelschicht soll méi berücksichtegt ginn. Et soll een d’Bourse méi personaliséieren, all Cas ass anescht, a soll och sou gehandhabt ginn. Et soll een och de Präis vun der Schoul berücksichtegen, well wann ee lo zum Bsp. op Oxford well, an d’Elteren een net ënnerstëtzen, da kann een dat vergiessen. Mir froen eis op de Staat mat dëser Reform et net well esou maachen, dat méi Leit zu Lëtzebuerg bleiwen fir ze studéieren.

Magalie, 19, LTL

Et war de Pol Reuter, mee weess net méi wéi hir Organisatioun heescht. Hu mech op streik.lu an am Essentiel informéiert. Ech bedaueren, datt net gekuckt gëtt, wéi vill Kanner an der Famill sinn, déi studéieren, resp. wéi d’Familliesituatioun iwwerthaapt ass. Well wa mäi Papp 15.000 verdingen géif , a mäi Papp awer näischt wéilt mat mer ze din hunn, da géif ech näischt dervu gesinn. An dofir misst ech da jo awer och kënnen eng Bourse kréien, sou wéi di aner och. Un der Bildung ze kierzen ass falsch – Bildung ass extrem wichteg. D’Mobilitéitsbourse muss och au cas par cas gekuckt ginn, fir keng Abus’en ze kréien.

A wat hunn d’Reporter vum SLAM! geduecht?

Delphine: Ech fannen et wierklech gutt, datt souvill Leit sech zesumme gedo hunn, an zesummen halen, fir hir Meenung duerchzesetzen, mee fannen genau sou Schued, datt awer vill Jonker matgemaach hunn ouni wierklech eng Ahnung, oder du moins net genuch, ze hunn. Mee egal wéi, ech fannen et super, datt jonk Leit et sou gutt fäerdeg bruecht hunn, fir sech géint di Reform auszedrécken.

Deen een oder aneren huet sech och e Spaass erlaabt.

Deen een oder aneren huet sech och e Spaass erlaabt.

_

Kompletten Dossier zur Reform an der SLAM!4

Wéi der et vläit scho selwer gemierkt hutt, gëtt et zu dësem Thema ganz vill ënnerschiddlech Informatiounen, déi sech och deels widderspriechen. Weem gleewen? Wat denken? Wéi vill Desinformatioun gëtt bedriwwen, a vu weem? Alles Froen, déi zu enger eenzeger Conclusioun féiere sollten: Informatioun ass Muecht!

D’Equipe vum SLAM! proposéiert sech een Dossier virzebereeden fir di nächst Editioun, deen net nëmmen neutral ass, mee och komplett an iwwersiichtlech. Gläichzäiteg kritt der an deem Dossier d’Démarchen erklärt, déi een ënnerhuele sollt fir sech selwer gutt z’informéieren.