Bass Du derbäi?

Geschwënn ass et rëm esou wäit: den Theaterveräin „Op Schéimerech Asbl“ invitéiert op säi grousse Kabaräspektakel am Zelt op Schéimerech. Zanter 14 Joer schonn, triede Grouss a Kleng all zwee Joer zesummen op a verzauberen ëmmer erëm hiert Publikum. Di ganz Trupp besteet aus Fräiwëllegen, déi sech mat Läif a Séil fir den Theater engagéieren. D’Acteure stinn ënnert der Regie vum Jemp Schuster, deen och bis elo ëmmer d’Stéck selwer geschriwwen huet. Dës Kéier ass awer alles anescht : dës Kéier spillen d’Acteuren d’Texter aus der Fieder vun de Leit dobaussen! D‘Sketcher di opgeféiert ginn, kommen nämlech vun iwwerall aus dem ganze Land vu Leit, déi en eegenen Text op de Pabeier bruecht an erageschéckt hunn. Um Schluss vun all Owend dierf de Publikum dann auswielen, wéi e Sketch hinnen am beschte gefall huet, an den Auteur vun deem Text kritt da fir säi Wierk e Präisgeld iwwerreecht. Wann’s Du also bestëmme wëlls, ween da lo dee beschten Auteur aus dem ganze Land ass, da komm laanscht kucken a klappen. Rendez-vous ass op Schéimerech, zu Kielen, vu Mëttwochs, den 23. Juli, bis Samschdes, den 26. Juli, ëmmer owes um 20:30 Auer. Fir Reservatiounen a weider Informatioune kuck op www.opscheimerech.lu.

Sief derbäi!

Tom