Berufsportrait: Ethnolog

Gilles Reckinger

Gilles Reckinger

Wat ass eigentlech d’Aarbecht vun engem Ethnolog?

Den Beruff Ethnolog gehéiert zum Beräich vun de Sciences Humaines. En Ethnolog begräift ee Mënsch als Wiesen, dat net nëmmen biologesch Funktiounen huet, mee och am Sënn vu senger Alldagskultur. Ethnologie ass also d’Léier de Mënsch als alldagskulturellt Wiesen, dat Alldagskultur bedreift, ze verstoen. Sozial Institutiounen ewéi een Handdrock, d’Schwätz- an Denkart beaflossen eist soziaalt Zesummeliewen an sinn dem Ethnolog seng Haaptfuerschungsquell.

Ass et schwéier als Ethnolog eng Plaatz ze fannen an säin Liewensënnerhalt domadder ze verdéngen?

Jo dat ass wierklech net einfach. Wéi bei och villen anere Beruffer steet engem net direkt en kloert Beruffsbild op. En Virdeel dovunner ass awer och , dass een seng Aarbecht fräi wielen kann. Als Ethnolog kann een wielen wou an iwwert wat een fuerscht. Et kann een selwer entscheeden, op een elo e Buch schreift oder en Film dréit. Am groussen ganzen sinn ech einfach och der Meenung, dass een ëmmer deen Beruff soll ausüben, fir deen een voll “brennender” Passioun ass. Deen, dee säi Beruff nämlech gären an gutt mëscht, fënnt och ëmmer säi Wee.

Lampedusa – 10 000’en verschidde Geschichten

Lampedusa ass eng kleng Insel mat ronn 5 000 Bewunner, déi an der extremer Peripherie an dowéinst och um Bord vun Italien an Europa läit. Wann mir vun hier  héieren kommen eis direkt d’Biller aus de Medien vun 10 000’en afrikanesche Bootsflüchtlingen an de Kapp, déi hiert Liewen op d’Spill setzen fir, nodeems si hei ukomm sinn, en neit Liewen unzefänken.  

Den Ethnolog Gilles Reckinger, den mat sengem Buch „Lampedusa – Begegnungen am Rande Europas“ dës Thematik opgegraff an analyséiert huet, war während deene vergaange Joeren oft a laang op der Insel a konnt eis an engem Interview d’Äntwerten  op vill Froe verroden.

Das im Februar 2013 erschienene Buch fand bisher großen Anklang.

Das im Februar 2013 erschienene Buch fand bisher großen Anklang.

Kéint Dir eis den Hannergrond vun den  Flüchtlingsstréim erklären?

Wéi d’Schengener Ofkommen Ugangs der nonzeger Joeren an Kraaft getrueden ass, ass deen Phänomen lassgaangen, dass Leit aus Afrika op déi europäesch Baussegrenz gefuer sinn, net nëmmen op Lampedusa, mee och zum Beispill a Sizilien oder op Calabrien. Mee um Ufank sinn nëmme sporadesch Booter ukomm an dann hunn d’Leit vu Lampedusa d’Flüchtlingen ganz selbstverständlech opgeholl. Wéi dunn no an no ëmmer méi Booter ukomm sinn, hunn den italienesche Staat an Europa gesot, datt si  méi Kontroll doriwwer hu wéilten. Dunn huet d’Police ugefaangen, de Flüchtlingen entgéint ze fueren fir se dann all zu Lampedusa ze konzentréieren. Doduerch huet et no vill méi Flüchtlingen ausgesinn, wéi et der amfong waren.

Kommen déi Flüchtlingen, déi zu Lampedusa stranden dann och an Europa un?

Dat ass ganz ënnerschiddlech. Et ginn der, déi direkt vu Lampedusa zréckgeschéckt ginn, mee di meescht ginn fir d’éischt an aner Lageren a ganz Italien verdeelt. Während dann hir Asylprozedur leeft, dierfe sech d’Flüchtlingen fräi bewegen. Well si awer keng Pabeieren hunn, dierfen se néirens legal schaffen, soudass se enger schlecht bezuelter, illegaler Aarbecht noginn. No enger gewëssener Zäit kréien se dann matgedeelt ob si Asyl kréien oder net. Déi di dann en Ausreeseuerder kréien, mussen Europa ouni Suen an Dokumenter sou séier wéi méiglech verloossen.

Kommen d’Flüchtlingen all aus deem selwechte Gebitt?

Dat ass ganz verschidden. Di Leit kommen net nëmmen aus Afrika, mee och zum Beispill aus dem Bangladesh an aus Thailand. Meeschtens sinn et Persounen déi alleng reesen, mee et kommen och ëmmer rëm Famillen, deelweis mat Kanner, un.

Wéi huelen d’Lampedusani am Allgemengen d’Flüchtlingen op?

Wéi all Inselgesellschaft weess och Lampedusa wéi geféierlech d’Mier ass an dowéinst erklären si sech bereet, déi Leit aus dem Mier ze retten. Dowéinst sinn d’Lampedusani eigentlech rosen mat Europa, well si wëssen, dass sou Flüchtlingsstréimungen zwar ganz geféierlech sinn, mee zum Liewen ob enger Insel “dozou gehéieren”. Si gesinn et als hier Aufgab un, den Migranten ze hëllefen an si sinn elo rosen, dass si dat net méi dierfen.

Wéi géift dir déi lampedusianech Liewensmentalitéit beschreiwen?

Zu Lampedusa ass den Chômage immens héich. 85% vun der Bevëlkerung huet am Wanter kéng Aarbecht. D’Infrastrukturen op der Insel sinn och zimlech schlecht. Ausserdeem muss ee bedenken, dass zu Lampedusa selwer kee richtegt Spidol ass, mee nëmmen eng 1. Hëllef. Dobäi kënnt, dass am Wanter dax frësch Liewensmëttel feelen, well d‘Fähr wéinst dem Wierder oft ausfält.

An awer fillt d’Bevëlkerung sech déif mat der Insel verbonnen. Et ass nämlech einfach esou, dass d’Liewensqualitéit zu Lampedusa immens grouss ass. Dat hänkt deels un der Fräiheet, well et zum Beispill keng strikt Verkéiersregelen oder Baugeneemegungen hei gëtt. Virun allem läit et awer un der grousser Solidaritéit an der Gesellschaft. D’Mënschen mussen sech duerch hier äermlech Verhältnisser géigesäiteg hëllefen. Et schreift zwar keen deem aneren seng Scholden op, mee jiddereen verhält sech, vu weem hien wéi an wou gehollef krut. Doduerch entsteet en permanenten Echange an een System vu komplexe Bezéiungen.

Wéi mengt dir, dass dës zentral Flüchtlingsproblematik verbessert oder souguer geléist gi kéint?

Als Ethnolog kann ech net vill dozou soen. Ech fannen et awer wichteg, dass mir de Flüchtlingen hier Geschichten héieren an dass mir mierken, dass et Läit sinn wéi du an ech.

Et sinn Mënschen, déi Potential hunn an sech gären wëllen engagéieren. Mir mussen eis hei an Europa bewosst ginn, dass och mir vun engem op den aneren Dag an hirer Situatioun si kéinten. Wann muer hei zu Lëtzebuerg Krich ausbrécht, flüchte mir och. Op politescher Eben sinn ech der Meenung, dass ee muss vun den Ofkommen ewéi Dublin ofréckelen. Si penaliséieren nämlech déi südlech Länner an loossen si mat der Flüchtlingsproblematik alleng.

Géingt dir, no allem wat dir bis elo zu Lampedusa erlieft hutt, nach als Tourist dohinner Vakanz maache goen?

Jo onbedéngt! Lampedusa ass nämlech eng ganz sauvage, wonnerschéin an reizvoll Insel, déi awer net grouss touristesch erschlos ass. Wann ee Chance huet, dat hänkt awer ëmmer vun der zäitlecher politescher Situatioun of, gesäit een och puer Migranten. Esou verléieren mir dann eis Angscht virum Friemen.

Dobäi kënnt, dass dat, wat mat de Flüchtlingen zu Lampedusa geschitt och an eisem Numm, also am Numm vu ganz Europa passéiert. Do ass et eis Aufgab Solidaritéit mat de Lampedusani ze weisen an net egoistesch ze sinn.

Anna, Tom