Wat versteet een ënnert dem Begrëff Ramadan?

Während dem Ramadan sollen gleeweg Muslimen faaschten. D’Muslimen faaschten vun Ufank vun der Moiesdämmerung bis Sonnenënnergang. Si dierfen während dëser Zäitspan weder drénken, nach iessen. Mä och Fëmmen an Geschlechtsverkéier sinn tabu.

Wat ass esou speziell um Mount Ramadan?

Den Ramadan ass net nëmmen den néngten Mount am islameschen Moundkalenner, mä och déi Period wou den Prophet Muhammed ugefaangen huet de Koran z’iwwerliwweren. D’ Faaschten am Mount Ramadan gehéiert ze den fënnef Sailen vum Islam.

Ween kann/dierf faaschten?

All Muslim den kierperlech an mental fäheg ass an d’ Pubertéit ereecht huet, ass verpflicht ze faaschten. Net verpflicht de Ramdan ze faaschten sinn krank an eeler Leit, mä ënner anerem och schwanger Fraen.

Wat ass den Sënn vum Ramadan?

Wann een sech virstellt, wéi laang ee faaschten muss, kënnt ee liicht op den Gedanken, datt d’Muslimen sécherlech hongern. Mä de Sënn vum Ramadan ass definitiv net hongern. Et geet ëm Selbstdisziplin, Kontroll an Schätzen. Mir liewen haut dës Dags an enger Societéit, déi vum Konsum definéiert gëtt. Op der enger Säit iessen d’Mënschen zemools aus dem Westen vill, geheien och vill Liewensmëttel fort, déi nach iessbar sinn. Op der anerer Säit hongeren Milliounen vu Leit.

An am Mount Ramadan soll den Muslim léieren sech ënner Kontroll ze halen an seng materiell Méiglechkeeten ze schätzen. Moies soll net ze vill giess ginn, mä awer genuch fir den Dag z’iwwerstoen. Owes muss een sech dann kontrolléieren fir sech net den Bauch vollzestopfen. Doduercher léiert een seng Situatioun ze schätzen an denkt un di Leit déi all Dag Honger leide mussen.

Mä och d’Emotiounen solle kontrolléiert ginn. Während dem Mount Ramadan soll ee léieren gedëlleg ze sinn, well en op säin Iessen waarden muss. De Muslim soll awer och op seng Wieder uecht ginn, an keen insultéieren. Dozou sot den Prophet Muhammed: „D’ Faaschten ass e Schutz. Den Faaschtenden soll net onfrëndlech mat aneren ëmgoen an och net onfrëndlech mat hinnen schwätzen; an wann een en beleidegt oder agresséiert, soll en zweemol soen: “Ech faschten!“”.

Déi wichtegst Aspekter vum Faaschten

Séileschen Aspekt

De Faaschtenden soll léieren seng Leidenschaften, wéi Gedold an mënschlech Triber ze kontrolléieren an disziplinéiert ze sinn. Dozou kënnt, datt en duerch den Verzicht vun Iessen, sech méi mat den hongerleidenden Mënschen identifizéieren kann, an seng eegen materiell Situatioun ze schätzen léiert an sech bei Gott dofir bedankt. Den Ramadan soll nämlech d’Band zwëschen dem Gleewegen an sengem Gott stäerken.

Sozialen Aspekt

All Muslim, dee finanziell an der Méiglechkeet ass, ass verflicht engem Hongerleidenden en warmt Iessen ze spenden. De Ramadan ass awer och eng Occasioun dofir Frënn, Famill a Bekannter anzelueden a mat hinnen zesummen z’iessen. Dat encouragéiert d’Gefill vun der Solidaritéit. Mä speziell an dëser Zäit sinn d’ Moscheeën ëmmer iwwerfëllt; vill Gleeweger bieden zesummen fir dem Allah (arb. Gott) säi Seegen an seng Léift.

Kierperlechen Aspekt

Eng Fro di sech vill Leit stellen: “Ass den Ramadan geféierlech fir d’Gesondheet?” D’ Meenungen ginn bei dëser Fro auserneen.

Eng méi kritesch Meenung dozou huet d’Antje Gahl vun der Däitscher Gesellschaft fir d’Ernährung am Bezuch op den Verzicht vu Flëssegkeet: „Vor allem wer körperlich schwer arbeitet und schwitzt, muss viel trinken. Auf Nahrung zu verzichten ist für den Körper für kurze Zeit nicht schädlich, auf Flüssigkeit dagegen sehr. Kreislaufzusammenbruch kann die Folge sein oder sogar ein Kreislaufstillstand, was lebensgefährlich ist“.

Chefdokter vun der „Inneren Abteilung der Habichtsklinik“ an Kassel, Dr. Volker Schmiedel betount di positiv Auswierkung vum Faaschten op de Kierper: “Vor allen Dingen ist es für mich aber ein allumfassendes Naturheilverfahren, mit welchem teilweise dramatische Änderungen von Stoffwechselstörungen, entzündlichen und anderen Erkrankungen erzielt werden kann”.

Nom Ramadan gëtt gefeiert!

Den Ramadan hält mam dräideegegen Zockerfest, op arabesch Eid an op türkesch an bosnesch Bayram genannt, op. Während den Feierdeeg ginn Frënn an Famill besicht, beschenkt an mat Delikatessen verwinnt.

 

Ofschloss vum Ramadan: Famill beim Gebiet virum Bayram.

Ofschloss vum Ramadan: Famill beim Gebiet virum Bayram.

 

Meng perséinlech Meenung an Erfahrung :

Ech hunn schonn vill Ramadanen duerchgefaascht an freeën mech och dëst Joer rëm drop. Et ass sécherlech eng Ëmstellung wat Iess- an Drénkgewunnechten ubelaangt, di een menger Meenung no awer schnell an den Grëff kritt. Den éischten Dag ass ëmmer den ustrengensten, well di nei Iesszäiten ongewinnt sinn, mä déi reschtlech Deeg hat ech ni weiderhin grouss Problemer. Ech hunn souguer eng Evolutioun bei mir festgestallt; di éischt Ramadanen, hunn ech et net erreecht mech richteg ze kontrolléieren an hunn mech souguer iwwerfriess, well ech mir de Kapp zerbrach hunn, op dat wat ech iessen fir den Dag ausreeche géif. Mat der Zäit hunn ech awer geléiert wat an wéi vill ech iessen soll, an datt een mol net sou vill brauch. Wichteg ass moies genuch ze drénken.

Besonnesch freeën ech mech op d’ Owesgebiet an der Moschee. Nom Gebiet kann een nach an der Moschee bleiwen an et léiert een ëmmer nei Leit kënnen. Wat och immens flott ass, ass datt heiansdo Leit sech fräiwëlleg mellen an fir d’ganz Moschee d’Iessen spendéieren. Sou ësst een duerch den Ramadan och mol ze 30 oder méi Leit zesummen an der Moschee.

Irma