Wat geschitt, wann ech beim Opprall vun engem Lift an d’Luucht sprangen?         

Do gëtt et jo sou e Mythos: meng Iwwerliewenschance solle besser stoen, wann ech an engem Lift deen erof fält an d’Luucht sprangen, grad dee Moment wou en op de Buedem opschléit. Wat ass do drun?

Also d’Lifter vun haut hunn esouvill Sécherheetsmoossnamen, dass de der dowéinst keng Suerge brauchs ze maachen. Mee ugeholl de Lift fält awer erof, dann hëlleft sprangen absolut näischt. Ausser du häss iwwermënschleche Kräften a kéints de physikalesche Gesetzer trotzen!

Mr Sciene Lift

Firwat bréicht ech dann iwwermënschlech Kräften?

Wann de Lift iwwer 4 Stäck erof fält, da beschleunegt en bal 80 km/h. Du also och. Wann’s de net net wëlls mat déier Vitesse ënnen opknallen, da muss de se neutraliséieren, an zwar andeems de mat där selwechter Vitesse an d’Luucht spréngs. An dofir bréichs de esou vill Kraaft, wéi wann’s de 25 Meter héich wéilts sprangen. An en normale Mënsch huet just genuch Kraaft fir 40 Zentimeter héich ze sprangen.

Ah, ech gesinn de Problem. An dat geet bestëmmt net duer fir en Ënnerscheed ze maachen, oder?

Nee. Ausserdeem misst de däi Sprong genee zum richtegen Zäitpunkt maachen, an zwar beim Opprall. Am Lift gesäis de jo awer net wéini et esou wäit ass. An du kanns souwisou während dem Falen net sprangen, well’s de dech dofir mat aller Kraaft muss vum Buedem ofdrécken. An an dësem Fall ass de Lift grad esou séier no ënnen ënnerwee wéi’s du. Du kanns dech also guer net vum Buedem ofdrécke fir ze sprangen.

Puh, et gesäit also net gutt aus. Et brauch och keen dat do fir eis ze testen!

Fuerschung zu Lëtzebuerg

D’Gefor bei engem Lift ass net dass en eroffält. D’Gefor ass dass de kanns dra gefaange sinn, dass de Sauerstoff der ausgeet oder dass de der Hëtzt oder dem Damp vun engem Feier net entkënns.

AirFlowControl SA ass eng ganz kleng lëtzebuergesch Firma, déi déi Problemer léist. Bis elo ass ëmmer vill Hëtzt aus de Gebaier iwwert d’Duerchlëftung fleete gaang. Zesumme mam CRP Henri Tudor entwéckelt Air FlowControl SA dofir eng ganz Rei Technologië fir d’Duerchlëftung vun de Lifter an de Schachten ze optimiséieren, an zwar ganz ouni Energie ze verléieren.

Corinne Kroemmer