Diskriminatioun am Alldaag – #wordshurt

Op der amerikanescher Duke Universitéit, hunn zwou Studentenorganisatiounen eng Campagne lancéiert, déi bei mir genau de richtegen Nerv getraff huet. D’Campagne “You Don’t Say” huet sech nämlech mat enger Tendenz auserneen gesat, déi bestëmmt och aner Leit an hirem Alldaag begéinen, an zwar d’Benotze vu falsche Wieder.

E puer vun deene Wieder/Ausdréck, déi dës jonk Studenten décidéiert hunn net méi ze benotzen sinn déi hei:

  • I don’t say “that’s so gay” because the words gay and stupid are not interchangeable
  • I don’t say “man up” because the strongest people I know have cried in front of me, regardless of their age, gender, or sex
  • I don’t say “don’t be a pussy” because it implies that having a certain body feature is indicative of being a coward

Langage ass wichteg – Words hurt.

Iwwerlee der mol wats de do seess

10370997_496848967111019_4838084451338591965_n

Mee frot iech vläit eng Kéier selwer: “Benotzen ech Ausdréck, déi ofwäertend sinn fir aner Leit?” Baséierend op hirem Geschlecht? Baséiernd op hirer Hoerfuerw? Baséiernd op hirer Hautfuerw? Baséiernd op hirer sexueller Orientéierung? Baséierend op hirem Handicap?

Vläit benotzt dir och selwer keng sou Ausdréck, mee vläit Leit déi dir kennt? Ass dat OK? Oder ass et lo den Moment fir ze soen: Nee! Words hurt!

  • Wann een eppes blöd fënnt, dann ass dat net “schwul”, mee blöd!
  • Wann een eppes net versteet, dann ass deen net “mongo”, mee e kruut et vläit schlecht erklärt!
  • Wann ee Gefiller weisst, ass ee keng “Schécks”, mee vläit just gefillsméisseg besser ausgeglach!

Sief e Beispill fir anerer

Och wann anerer “et” soen, heescht dat net datt et OK ass, wanns du et och seess. Et ass besser wanns de Leit inspiréiers an dems du sou Ausdréck refuséiers ze notzen, oder nach besser, refuséiers nozelauschteren.

 

10301954_490868017709114_1421488464815580919_n

Weider Informatiounen

Zu Lëtzebuerg gëtt et natierlech eng ganz Rei vun Organisatiounen déi an dësem Sënn opklären an och hëllefen.

De Ministère de l’Égalité des chances këmmert sech ënnert anerem ëm d’Chancengleichheet vu Mann a Fra, awer och aner Formen vun Diskriminatioun.

Den OLAI, Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration, ass eng Organisatioun, déi vum Ministère de la Famille et de l’Intégration betreit gëtt, déi sech och dorëms bekëmmert, datt d’Integratiounspolitik hei zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt.

De Centre pour l’Egalité de Traitement (CET) übt seng Aufgabe ganz onofhängeg aus a säin Ziel ass d’Promotioun, d’Analys an d’Iwwerwaachung vun der Gläichbehandlung tëschent Persounen, ouni Diskriminatioun op Grond vun der Rass oder der ethnescher Hierkonft, vum Geschlecht, vun der sexueller Orientéierung, vun der Relioun oder den Iwwerzeegungen, vun engem Handicap a vum Alter. (www.cet.lu)

Um Kannerjugendtelefon kanns du dech zu dem Thema austauschen mat Leit déi en oppent Ouer u fir deng Suergen, an déi der demno wéi och kënnen hëllefen eventuell Problemer ze léisen. (www.kjt.lu)

Opruff

Gëtt et eppes waats du lo net méi wëlls soen? Dann deel dat mat eis a mat denge Frënn, per Tweet oder op Facebook zum Bsp.: Ech soen ab haut net méi … well … #wordshurt #slam @slamlux

Eng Selectioun publizéiere mer (natierlech nëmmen mat denger Erlaabnis) an der nächster SLAM! an deelen se an eisen Netzwierker.