Di fënneft Editioun vun der SLAM! ass eraus!

Am Focus vun dëser Editioun dréit sech alles ëm d’Themen Schoul a Léieren. Dobäi si mir ënnerschiddleche Froe nogaang. Wéi eng Roll spillt eise Schlof beim Léieren? Wéi funktionéiert eist Gedächtnis? Awer och d’Tops an d’Flops beim d’Knäipe fannt dir an der neier SLAM!

Nieft dem Focus gëtt et an dëser Editioun natierlech vill weideres z’entdecken, sou zum Beispill en Interview mam Fernand Boewinger, dem Direkter vun Dräibuer oder eng nei Rezeptiddi an eiser Rubrik Jonk & Kachen.

Wanns du nach keng SLAM! hues, kanns du der se och gratis bestellen oder der op www.slam.lu d’Online-versioun ukucken. Jonker mat enger Carte Jeunes kréien d’SLAM! automatesch heemgeschéckt.

Eis Ekipp vu jonke Schreiwer vergréissert sech vun Editioun zu Editioun. Mir freeën eis awer ëmmer iwwert weideren Zouwuess! Wanns du Loscht hues deng éischt journalistesch Erfahrungen ze maachen, schéck eis einfach e Mail un info@slam.lu oder facebook.com/slamlux.

 

Vill Spaass beim Liesen wënscht dir däi

 

SLAM!-Teamlogo_slam