De Samsten, vum 27. September, huet sech e groußen Deel vun der Gaming-Community zu Koplescht versammelt. De Grond war de Gaming Café an d’Final vun der lëtzebuerger League of Legends Liga, genannt 4L.

Foto: Brian Lousada

D’Gewënner vun der 4L Final, d’Luxembourg Sentinels. (© Foto: Brian Lousada)

Dat ganzt huet sech zum engem flotten Owend entwéckelt, wou gamingbegeeschtert Leit hiert d’Hobby matt Gläichgesënnten ausliewe konnten. Un de Konsole goufen sech spannend Matcher geliwwert. D’Gamecube huet mam Super Smash Bros Melee natierlech vill Leit ugezunn, mee och déi nei Wii U mam Mario Kart 8 war am Asaz. Bësse méi rau ass et un der Playstation mat Tekken zougaangen.

Den eigentlechen Highlight war awer wéi erwaard d’Final vun der 4L. Ëm déi 100 Leit hunn sech getraff, fir de Match tëschent de Luxembourg Sentinels an dem Casual Gaming Luxembourg ze erliewen. De Match ass fir d’Publikum iwwerdroen a live kommentéiert ginn. Schlussendlech hunn sech d’Luxembourg Sentinels an engem Best-of-five, trotz spannenden a knappe Momenter, mat 3-0 duerchgesat a konnten sech sou d’Meeschterschaft sécheren.

Fir d’Publikum war dës Final niewent de gudden Hotdogs an de Penne all’arrabbiata, déi hirem Numm all Éier gemaach hunn, e richtege Leckerbessen.

Wann dir méi iwwert de Gaming Café wësse wëllt, da luusst an déi nächst SLAM eran oder kommt de 25. Oktober op d’Gebuertsdagseditioun op Koplescht. Stay tuned!

Thierry