Interview mam Steve Karier –Schauspiller

Steve Karier (© Foto: Bohumil Kostohryz)

Steve Karier (© Foto: Bohumil Kostohryz)

Wat huet Iech dozou beweegt Schauspiller ze ginn?

Schonn a menger Kandheet hunn ech selwer Theaterstécker geschriwwen an och doranner matgespillt. Ewéi ech esou ëm déi 18 Joer al war, ass et mir kloer ginn, dass fir mech keen anere Beruff deem vum Schauspiller d’Waasser reeche kéint. Ech wollt dëse Wee onbedéngt goen!

Wéi gesäit dann déi typesch schoulesch Lafbunn vun engem Schauspiller aus?

Schauspiller ass ee Beruff, deen een zum Beispill op staatlechen oder privaten Héichschoule léiere kann, an awer ass et keen onbedéngten Ausbildungsberuff.

Jidderee kann sech Schauspiller nennen, deen eng Bühn och nëmme vun der Säit gesinn huet, well et, am Géigesaz zu anere Beruffer, keen Diplom gëtt, deen ee brauch fir sech als solchen ze bezeechnen.

Säit der Explosioun vum Fernseh gëtt et ëmmer méi Leit, déi an de Milieu vum Schauspiller eranrëtschen. An Reality Shows, ewéi zum Beispill an deene simuléierte Geriichtsprozesser, spille keng ausgebilt Schauspiller mat.

A wéi engem Beräich kann een als Schauspiller iwwerall schaffen?

De Schauspiller ass am Prinzip ausgebilt fir „d’Sprechbühne“. Niewent all deenen eenzelne Beräicher vum Theater, ass de Schauspiller awer och ausgebilt fir Film a Fernseh. D‘Noriichtespriecher am ARD (öffentlich-rechtliches Deutsches Fernsehen) sinn a waren traditionell ëmmer Schauspiller. D’Bandbreet fir als Schauspiller ze schaffen ass grouss, sou zum Bsp. als Hörspillspriecher, fest ugestallte Spriecher am Radio, Synchronspriecher vu Filmer, Fernsehsendungen oder Reklammen.

Ass et schwéier als Schauspiller eng Aarbecht ze fannen?

Jo am Prinzip schonn. Et dierf een sech einfach net ewéi de „Basislëtzebuerger“ dorobber verloossen, dass een nodeem een seng „Ausbildung“ ofgeschloss huet, eng Aarbecht fënnt. Vun 1000 „Schauspiller“ déi gären en Engagement hätten, kréien nëmmen 100 eng positiv Äntwert. Dobäi kënnt, datt et am Beruff vum Schauspiller kee „Contrat à durée indéterminée“ gëtt. D‘Kontrakter lafen an der Reegel ëmmer no  2-3 Joer aus.

Wéi sinn dann d’Bedingungen hei zu Lëtzebuerg par Rapport zum Ausland?

Hei zu Lëtzebuerg ass relativ gutt fir déi „puer“ Schauspiller gesuergt. Déi allermeescht schaffen awer nieft hirer schauspillerescher Carrière, zum Beispill nach als Professer am Conservatoire.

Wat ass fir Iech dee gréisste Challenge an Ärem Beruff?

Et ginn et der 2: Niewent deem grujelechen Auswennegléiere vun Texter weess een als Schauspiller ni, ob een ëmmer, a während all Virstellung säi Bescht ginn huet. No der Virstellung gëtt et jo leider keen esou kloert Resultat ewéi am Fussball.

Wat gefält Iech um Beruff vum Schauspiller am beschten?

Mäi Beruff hält mech wakreg a lieweg! Keng Virstellung an och keen Theaterstéck ass ewéi dat anert! Ausserdeem begéint een op an och hannert der Bühn vill nei Leit.

Et ass awer och e Beruff, bedéngt duerch déi vill verschidde Personnagen, déi een als Schauspiller verkierpert, duerch deen engem säi Wëssen ëmmer an ëmmer nees erweidert gëtt. Dofir huet de Schauspiller esou, ëm den Daum gepeilt, eng 25 ofgeschlossen Hallefausbildungen: Hien kennt vun alles eppes, an huet vun näischt eng Ahnung. 🙂

 

Anna, Tom