E Concours fir jonk Filmbegeeschterter

Du interesséiers dech fir Kino a wëlls net nëmmen Zuschauer sinn?
Du spills mam Gedanken en eegent Dréibuch ze schreiwen?
Oder en eegenen Clip ze dréinen?

Dann ass Crème Fraîche genau dat Richtegt fir dech. Dëst ass e Concours, deen den SNJ zesummen mam CNA organiséiert, bei deem Jonker tëschent 12 an 30 Joer matmaache kënnen. De Concours ëmfaasst zwou Kategorien:

1. Kategorie “Dréibuch”
An dëser Kategorie geet et drëms e selwer verfaasstent Dréibuch anzereechen. Dobäi besteet och d’Méiglechkeet zu méi un engem Projet ze schaffen. D’Dréibuch vum Gewënner gëtt am Laf vum Joer 2015 verfilmt. Während dem Luxembourg City Film Festival (2016) gëtt de Film da virgefouert.

2. Kategorie “60 Sekonne Clips”
Dës Videoclips kënnen zesummen an enger Grupp realiséiert ginn, och am Kader vun der Schoul oder engem Veräin. De Videoclip sollt d’Publikum begeeschteren, schonn eleng well si de Gewënner den 28.02 am Utopolis selwer bestëmmen.

Soiré Crème Fraîche am Utopolis © Romain Girtgen (CNA)

Soirée Crème Fraîche am Utopolis © Romain Girtgen (CNA)

Fir matzemaachen muss du entweder eng Adress hei am Land hunn oder eng Schoul/ Universitéit zu Lëtzebuerg besichen. D’Participatioun ass gratis. D’Kritären an d’Konditiounen, sou wéi den Aschreiwungsformular fënns du op www.creme-fraiche.lu.

D’Deadline fir deng Kandidatur anzereechen, ass den 3. Februar 2015. Fir dës Bewerbung muss du en Aschreiwungsformular ausfëllen an u folgend Adress schécken:

Jenny Schlechter
Centre SNJ Eisenborn
5, rue de la Forêt
L-6196 Eisenborn

Wann’s du dech an der Kategorie “Dréibuch” bewerbs, muss dëst zesumme mam Aschreiwungsformular bis den 3.02.15 erageschéckt ginn.

D’Präisser ginn den 28. Februar ab 16:30h am Utopolis iwwerreecht.

SLAM!-Redaktioun