Dës Kéier am Focus: Jonker a Wunnen – D’Wunnsituatioun zu Lëtzebuerg.

D’Fro no der Wunnsituatioun vun deene Jonke gëtt zanter dësem Joer ëmmer méi heefeg diskutéiert. Kritiséiert gëtt op der enger Säit d’Tendenz, datt di Jonk ëmmer méi spéit vun doheem erausplënneren, d’Verständnis gëtt awer op der anerer Säit méi grouss, well vill Jonker sech et einfach net leschten kënnen éischter auszezéien. Wéi eng Aspekter domadder nach verbonne sinn, kanns du an der neier SLAM! liesen.

Donieft wëlle mir dech op de Jugenddësch (04. Mee) sou wéi op den 72 Stonnen Bénévolat (15. – 17. Mee) opmierksam maachen. Weider ginn et dëskéier eng Rei Témoignagen vu Jonken, déi iwwert hiert fräiwëllegt Joer erzielen.

D’SLAM! fënns du an denger Schoul, an dengem Jugendhaus, am Quick, sou wéi der Uni Lëtzebuerg. Et gëtt och d’Méiglechkeet d’SLAM! via cartejeunes.lu ze abonnéieren oder se online ze bestellen, resp. ze liesen: slam.lu

Deng SLAM!-Redaktioun

Wanns du Loscht hues dech eiser jonker dynamescher Ekipp unzeschléissen, an sou e puer nei Erfahrungen ze sammelen, da schéck eis däi Message un info@slam.lu oder facebook.com/slamlux.