Dës Kéier am Focus: “Einblick in den Ernährungsdschungel”

D’Thema Ernährung gëtt zanter Joeren ëmmer méi heefeg diskutéiert. Dozou gehéiert mëttlerweil net méi just d’Fro dono WAT een ësst, mee och WOU et eigentlech hierkënnt a WEI et produzéiert gëtt. Wien sech mat dësem Themekomplex befaasst, stellt séier fest, datt et sech ëm e ganz wäitleefegt Feld handelt. Mat Ernährung hänken net nëmmen d’Liewensmëttel selwer, mee och ëmmer Aspekter vun Hierstellung, Kennzechnung oder awer och Allergien an alternativen Ernährungsformen zesummen.

Weider geet et an dëser Editioun och ëm d’Thema Suicid, zu dem di Jonk vum Jugendtreff Hesper e Clip gedréint an en Preventiounsdag, den de 4. Juli zu Hesper stattfënnt, organiséiert hunn.

D’SLAM! fënns du an denger Schoul, an dengem Jugendhaus, am Quick, sou wéi der Uni Lëtzebuerg. Et gëtt och d’Méiglechkeet d’SLAM! via cartejeunes.lu z’abonnéieren oder se online ze bestellen, resp. ze liesen: slam.lu

Är SLAM!-Redaktioun

Wanns du Loscht hues dech eiser jonker dynamescher Ekipp unzeschléissen, an sou e puer nei Erfahrungen ze sammelen, da schéck eis däi Message un info@slam.lu oder facebook.com/slamlux.