Dës Kéier am Focus: Nohalteg Entwécklung

Mat Wierder wéi Nohaltegkeet a Klimawandel verbanne vill Leit Biller vun Äisbieren, deenen hire Liewensraum verschwënnt, Wandrieder oder och Elektroautoen. Nohaltegkeet betrëfft awer och vill aner Beräicher vun eisem Liewen. An eisem Focus schwätze mir iwwer fair trade Kleedung, Green Events awer och ganz allgemeng iwwert d’Thema Ëmweltschutz. Laang Zäit goufen eis Resourcen net nohalteg genotzt. Och haut besteet nach ëmmer eng Diskrepanz tëscht der Nofro an der Offer vu Ressource. Och praktesch Tipps an Ureegungen dozou, wéi een selwer méi nohalteg liewen kann, ginn ugeschwat. 

D’SLAM! fënns du an denger Schoul, an dengem Jugendhaus, am Quick, sou wéi der Uni Lëtzebuerg. Et gëtt och d’Méiglechkeet d’SLAM! via cartejeunes.lu z’abonnéieren oder se online ze bestellen, respektiv ze liesen: slam.lu

Är SLAM!-Redaktioun

Wanns du Loscht hues dech eiser jonker dynamescher Ekipp unzeschléissen, an sou e puer nei Erfahrungen ze sammelen, da schéck eis däi Message un info@slam.lu oder facebook.com/slamlux.