Dës Kéier am Focus: Sucht a seng ënnerschiddlech Gesichterslam_11_cover_2

Mat Wierder wéi Sucht an Ofhängegkeet gëtt oft de Konsum vu Substanzen, wéi Alkohol an Zigaretten, associéiert. Obschonn Substanzen eng heefeg Ursaach vun Ofhängegkeet sinn, sinn se net di eenzeg. Och alldeeglecht Verhalen, wéi akafen an iessen, kann zu enger Sucht féieren. De Focus vun dëser Editioun soll dorop opmierksam maachen a weisen, wéi eng ënnerschiddlech Gesichter d’Sucht hu kann.

Weider geet et an dëser Editioun och ëm dat neit Schoulfach „Vie et société“, dat 2017/2018 agefouert gi soll. Donieft gëtt et wéi ëmmer e spannenden Travel Tip z’entdecken, dës Kéier geet et a Südafrika. Awer och an de Rubrike Kultur, Gesellschaft a Wëssenwäertes waarden interessant Themen, wéi zum Beispill Teens are hungry for books. Lecker Rezepter ginn et wéi ëmmer um Schluss.

D’SLAM! fënns du an denger Schoul, an dengem Jugendhaus, am Quick sou wéi der Uni Lëtzebuerg. Et gëtt och d’Méiglechkeet d’SLAM! via cartejeunes.lu z’abonnéieren oder se online ze liesen: slam.lu/pdf.  

SLAM!-Redaktioun

Wanns du Loscht hues dech eiser jonker dynamescher Ekipp unzeschléissen a sou e puer nei Erfahrungen ze sammelen, da schéck eis däi Message un info@slam.lu oder facebook.com/slamlux.