Communiqué de presse Affiche_12eme-1

Mir, d’Schüler vun der Klass 12CG2 aus dem ECG, organiséieren den 21 Abrëll 2016 en turbulenten Theaterowend am Festsall vun der École de Commerce et de Gestion. Ënnert der Ënnerstëtzung vun der Direktioun, cooperéieren mir matt dem Theatergrupp, deen dëst Joer seng Première feiert.

Eisen Theaterowend besteet aus engem lëtzebuergeschen Stéck redigéiert vum Josy Christen an gëtt ofgeronnt vun engem Sketch vum Manfred Dempf.
Loosst Iech iwwerraschen vum Theaterstéck „de Koffer“, andeem eng dramatesch Liebesgeschicht d’Haapthandlung ass.

Dir gitt häerzlech begréisst matt engem Glas Crémant. An vir deen deen wëll ass och genuch vir z’iessen an ze drénken do.

D’Platzen sinn limitéiert dowéinst mellt Iech soulaang nach Platzen fréi sinn. Vir ze reservéieren kënnt Dir eis eng Email schreiwen op eis Adress: reservation@ecg.lu dat bis den 15 Abrëll 2016.

Mir wieren frou Iech all deen Owend ze gesinn an eng flott Soirée zesummen ze verbréngen.

Theatergrupp ECG
Direktioun vum ECG
ECG on STAGE
21 Rue Marguerite de Brabant
L-1254 Luxembourg