An Däitschland gëtt zanter 2008 d’Jugendwuert vum Joer gewielt. Dëst Joer mam Resultat “fly sein”, wat wuel sou vill heescht wéi, “etw. oder jmd. geht besonders ab”. Mee wat huet et mat sou engem Jugendwuert op sech a wéi gëtt e Wuert zum Jugendwuert?

Säit 2008 bestëmmt e Jury vum Langenscheidt-Verlag d’Jugendwuert vum Joer. Beim Vote op www.jugendwort.de konnt jiddwereen tëscht dem 1. September an dem 30. Oktober matmaachen. De Vote ass deemno net nëmmen deene Jonke virbehal. Um Site hat een d’Méiglechkeet entweder e Wuert anzereechen oder awer fir e Wuert ofzestëmmen. D’Top zéng laut Vote waren dëst Joer der Rei no: “isso”, “Vollpfostenantenne”, “Hopfensmoothie”, “Bambusleitung”, “Tintling”, “Tindergarten”, “Uhrensohn”, “am fly sein”, “Banalverkehr” a “bae”. Bei dësem Ranking stellt sech d’Fro, wéi “fly sein” vu Platz 8 op Platz 1 gerutscht ass.

De finale “Gewënner” gëtt net duerch den Online-Vote bestëmmt, mee duerch e Jury, dee vum Langenscheidt-Verlag mat dëser Aufgab chargéiert gëtt. Dobäi ginn et verschidden Auswielkritären, wéi di sproochlech Kreativitéit, d’Originalitéit, de Verbreedungsgrad vum Wuert sou wéi gesellschaftlech a kulturell Evenementer. D’Jugendwuert muss net een eenzelt Wuert sinn, kuerz Ausdréck oder souguer Ofkierzunge wéi YOLO (You Only Live Once) si méiglech.

Op “fly sein” dee Begrëff ass, deen di Jonk 2016 am meeschte gebraucht hunn, bleift offen. D’Sarah an d’Lena ginn op Nofro hin un, den Ausdrock “fly sein” net ze kennen. D’Sarah (16) seet: “Ech hunn dat nach ni héieren, ech weess mol net, wat dat heescht. Ech weess och net wou een dat benotze sollt.” D’Lena (16) associéiert dëst Jugendwuert héchstens mam weltbekannte Lidd “I believe I can fly”.  

Un der Aktioun Jugendwuert gëtt virun allem kritiséiert, datt et eng Form vu Publicitéit vum Langenscheidt-Verlag fir säi Lexikon “100 Prozent Jugendsprache” wier. Effektiv schéngt d’Wiel vum Jugendwuert éischter eng Werbeaktioun ze sinn als datt se dorop ofzielt e Bild vum reale Sproochgebrauch vun deene Jonken erëm ze ginn.   

Wat een dem Vote trotz allem loosse kann, ass datt en zum Nodenken iwwer Sprooch an iwwer nei Wieder ureegt – och wann dëst éischter iwwerflächlech geschitt. D’Wiel vum Jugendwuert steet symbolesch fir de Wandel vun der Jugendsprooch. Och wann dee sech kaum un engem eenzelne Wuert festmaache léist, gëtt mat dësem Vote vermëttelt, datt eng Sprooch kee festgeluechte Korpus ass, mee eppes Dynamesches, dat sech mat der Zäit entwéckelt a verännert.

Martine