Den 9. an den 10. November huet an den Halen vun der Luxexpo déi 30. Editioun vun der Foire de l’Etudiant stattfonnt, bei där Jonker sech iwwert hir Zukunft nom Lycée informéiere konnten. Eng gutt 250 Exposanten waren op der Platz fir dene Jonken op hir Froen ze äntweren. De But vun der Foire besteet doran dem Jonken eng Orientéierungshëllef ze bidden fir hien bei der Entscheedung fir säi weidere schouleschen a berufflechen Liewenswee ze beroden.

Souwuel Universitéiten a Fachhéichschoulen, ënnert anerem aus Däitschland, der Belsch, Frankräich, Groussbritannien an der Schwäiz, sou wéi och Organisatiounen an Entreprisen aus dem professionelle Beräich an divers Banken waren do. Donieft waren eng Rëtsch Studentenorganisatiounen esou wéi divers Cerclen present fir di Jonk iwwert alles z’informéieren wat mam Studium awer och mam Liewen als Student zesummenhänkt. Jonk politesch Associatiounen ewéi Gewerkschaften waren och sur Place.

D’Ekipp vum SLAM! war um Stand vum Centre national d’Information pour Jeunes present. Dëse Stand war ënnert anerem do, fir di Jonk iwwert all méiglech Themen z’informéieren, vu Studium an Vakanzenjobs bis hin zu Fräizeit an Gesondheet. Heefeg Froen goufen virun allem zu den Themen Erasmus, sprech an d’Ausland goen a Studentenjobs gestallt. Déi Jonk haten awer och d’Méiglechkeet divers Projeten vum CIJ kennenzeléieren a sech mat den Educateuren auszetauschen. Ze gewanne gouf et Carte Jeunes’, mat deenen een a Letzebuerg sou wéi an Europa divers Virdeeler huet, wéi ënnert anerem Reductiounen am Kino, diverse Geschäfter, an Jugendherbergen sou wéi eng Reesversécherung. 

Stand vum CIJ op der Foire (Photo: Martine Wagner)

Stand vum CIJ op der Foire (Photo: Martine Wagner)