Jugendkonvent 2016

Dëse Freiden, den 18. November, fënnt an der Chambre des Députés de Jugendkonvent zu den Themen Integratioun an Diskriminatioun statt. Beim Jugendkonvent kënnen sech Jonker tëscht 15 an 30 Joer mat Experten a Politiker iwwert Themen austauschen.

Ugebuede gi fënnef Atelieren zu folgenden Themen: „Op Lëtzebuergesch, s’il vous plaît“, „Ech si kee Rassist, mee…“, „Medien: (Des)Informatioun?, „Migratioun: Outside in – Inside out“ esou wéi „All d’selwescht an awer verschidden!“. D’Beschreiwung vun deene verschiddene Workshope fannt dir hei. An dësen Ateliere ka jiddwereen seng Meenung ausdrécken, sech mat anere Jonken an awer och mat den Experten austauschen. Di Jonk hunn d’Méiglechkeet Froen ze stellen a sech mat ënnerschiddlechen Themeberäicher ze befaassen. All Grupp kritt doropshin d’Méiglechkeet hir Resultater an der Plenière zesumme mat den Deputéierten ze diskutéieren.

Fir dës Editioun sinn d’Atelieren all ausgebucht. D’Debatte ronderëm Integratioun an Diskriminatioun kënnen awer am Live-Stream via CHAMBER TV (www.chd.lu) verfollegt ginn.

Martine