An dëser Editioun läit de Focus um Thema Schülerzeitungen. Ee vun den Ziler, dat sech d’Redaktioun vun der SLAM! op nationalem Terrain gesat huet, nämlech Jonker duerch d’Artikelen vun anere Jonker z’informéieren, gëtt et ënnert der Form vu Schülerzeitungen scho méi laang a verschiddene Lycéeën. An eisem Focus fannt dir eng Selektioun vun Artikelen, déi aus verschiddene Schülerzeitungen stamen, dorënner Auszich aus dem Status Quo (Lycée Ermesinde), SOPHIES WORT (Sainte-Sophie) an dem LB Media (Lycée Technique de Bonnevoie).
Donieft fannt dir an eiser Rubrik Lëtzebuerg en Interview mam Luc Pauly zum 72 Stonnen Benevolat, bei dem jiddereen agelueden ass, eng Hand mat unzepaken, sou wéi en Interview mam Djuna Bernard zum Thema Wunnen zu Lëtzebuerg. An der Rubrik Gesellschaft geet et dës Kéier ënnert anerem ëm d’Thematik vun de Schwangerschaftsofbréch awer och ëm d’Social Media Phänomen vun de berühmten Zwillingen Lisa a Lena.

Äert Exemplar vun der SLAM! fannt dir ënnert anerem an ärem Lycée, op der Uni Lëtzebuerg, an ärem Jugendhaus an am Quick. Dir kënnt d’SLAM! zudeem gratis iwwert d’Carte Jeunes abonnéieren oder online op www.slam.lu liesen.

D’Redaktioun vun der SLAM! wënscht vill Freed beim Liesen!

Wann dir selwer bei der SLAM! matmaache wëllt oder är Iddien mat abrénge wëllt, da schéckt eis e Message op facebook/slamlux oder info@slam.lu