D’SLAM! – D’Zeitung fir déi Jonk ass eng gratis Zeitung, déi säit Januar 2014 vum Centre national d’Information pour Jeunes (CIJ) erausbruecht gëtt. Si richt sech u Jugendlecher a gëtt zu engem Groussdeel vun hinne matgeschriwwen. Bei der SLAM! handelt et sech ëm en Zeitungsmedium (Print an Online), wat di Jonk iwwer Themen informéiert, déi si interesséieren oder interesséiere kéinten. Si ass dobäi kee réngt Informatiounsmedium, mee wëll déi Jonk och zum Matmaachen animéieren. Dës Zeitung bitt Jonken d’Méiglechkeet, sech ënnert verschiddene Formen anzebréngen a sech zu ënnerschiddlechen Themen ze äusseren.

D’SLAM! enthält siwen ënnerschiddlech Rubriken: Lëtzebuerg, International, Focus, Kultur, Gesellschaft, Wëssenswäertes, Klammer op/zou. Am Focus gëtt jeeweils een Thema ervirgehuewen, wat mat deene Jonken zesummen am Kader vun engem Redaktiounstreffe bestëmmt gëtt. Dës Treffe fanne virun all Editioun an der Maison de la Jeunesse (87, route de Thionville, Luxembourg) statt. Bei dësen Treffe ginn och aner Themen erausgesicht a verdeelt, di Jonk si bei hirer Themewiel frei. Well d’SLAM! méisproocheg ugeluecht ass, kënnen d’Redakteuren sech d’Sprooch an där si schreiwe wëllen eraussichen. Thematesch kann d’Zeitung alles enthalen, wat fir Jonker vun Interesse si kéint. Dozou gehéieren souwuel Themen déi d’Politik an d’Gesellschaft betreffen, wéi och Themen aus dem Kultur- a Fräizäitberäich.

D’SLAM! erschéngt regulär véier mol am Joer a gëtt mat enger Oplag vu 15.000 Exemplaire gedréckt. Donieft kënnen och spezial Editiounen erschéngen (Bsp.: Foire de l’Etudiant 2014 an 2015). D’SLAM! gëtt ënnert anerem an de Lycéeën, der Universitéit Lëtzebuerg, de Jugendhaiser an am Quick ausgeluecht. D’Zeitung kann och iwwert d’Carte Jeunes gratis abonnéiert oder online op slam.lu/pdf gelies ginn.

Kontakt: www.facebook.com/slamlux oder info@slam.lu