De Centre national d’Information pour Jeunes (CIJ) stellt Iech seng nei Zeitung fir: d’SLAM!

Getrei dem Motto „D’Zeitung fir déi Jonk“ richt se sech u Jugendlecher an awer och u Leit déi jonk bliwwe sinn. D’Konzept vun dëser Zeitung besteet doran, datt se vu Jonke matgeschriwwen a matentwéckelt gëtt: par les jeunes pour les jeunes. De But ass et deene Jonken eng Méiglechkeet ze ginn net nëmmen d’Resultat vun engem Projet ze gesinn, mee och dobäi matzemaachen.

Thematesch kann d’Zeitung alles enthalen, wat fir Jonker vun Interesse kéint sinn. Dozou gehéiere souwuel Themen déi d’Politik an d’Gesellschaft betreffen, wéi och Themen aus dem Kultur- a Fräizäitberäich. An all Editioun hu mir ee Focus, bei deem een Thema ausféierlech behandelt gëtt. D’Editioun vum Januar leet de Focus op d’Foire de l’étudiant an alles zum Thema Studium.