Dëst Joer ass et erëm sou wäit, d’Foire de l’Etudiant mécht fir d’Studenten hir Dieren op an sou hu mir op d’neits de Focus op dës Studentefoire geluecht, déi säit 1987 stattfënnt. Studenten a Schüler kënnen sech hei iwwert Héichschoulen sou wéi verschidde Beruffer informéieren. National an International Universitéiten a Fachhéichschoule sinn hei mat engem Stand vertrueden.

Nieft dem Focus stelle mer iech eng lëtzebuergesch App fir, schwätzen awer och iwwert den Internationalen Dag vum Mann a weider Themen.

D’SLAM! gëtt national verdeelt an ausgeluecht. Du kanns der se awer och gratis bestellen oder d’Online-Versioun hei liesen. Jonker mat enger Carte Jeunes kréien d’SLAM! gratis heemgeschéckt.

Vill Spaass beim Liesen!